
Obwuel ech am Fréijoër 2009 den éischten Niveau gepaackt hun, misst ech trotzdem den "Placement Test" maachen. Mat dem besschen koreanesch waat ech geléiert hun, hun Si mech an den Niveau 2 B gesaat. ( Et gëtt e Programme A an e Programme B, B ass extra fir Leit, wou hier Mammensprooch Englesch oder eng europäesch Sprooch ass, an eventuell Schwieregkeeten mat der koreanescher Sprooch hun. Desen Programme dauert 2 Joër ). Ech war e besschen enttäuscht, d'ass ech net an den A gesaat gouf.
D'Wanter Trimester: 7. 01.2010 bis den 19.03.2010 An menger Klass waren Studenten aus der ganzer Welt: Amerika, Russland, Deitschland, Spuenien, Hong Kong, Kasachstan, an ech aus Letzebuerg.
Och wann sou vill Natiounen an menger Klass waren, gouf während dem Cour nemmen koreanesch geschwaat. Et ass verbueden aner Sproochen ze schwetzen.
( op der Foto: Meng Klass vum Niveau 2 B mat der Prof. Jang )