Déi leschte Kéier ......

Den 5. November 2013 

D'Valise steet prett am Gank. 
Ech soen mengen Elteren äddi an mein Brudder féiert mech op den Findel. 
Check-in an ech gin direkt an Business Lounge. 
Nach 1 gudd Stonn bis den Fliiger op Frankfurt.... 

An der Businesslounge ass et roueg. 2 Leit sin do, all am Costume an hun hieren Laptop dabei. 

Ech huelen mir eppes fir ze drenken an z'iessen. An der Business Lounge ass alles gratis. 

Ech iessen mech satt. 

Wéini wärt ech nees Chance hun fir an Business lounge ze kommen....?


Sou, lo ass Zeit, ech gin op den Gate an et ass den Boarding. 

De Fliiger ass net ganz voll, déi meeschten Leit sin Businessleit. 

Géint 15h30 sin ech zu Frankfurt ukomm an muss nach gudd 3 Stonnen warden bis mein Fliiger op Seoul flitt. 

Ech gin op Tafel kucken op welchen gate ech muss goen, mee dat kennt reischt 90min vidrun do stoen. 

Sou, wat man ech dann elo?? 

Ech laafen e bessi ronderem, gin eppes iessen an drenken, an ruffen dem Sarah nach eng Kéier un. 

Den Gate steet elo do an ech gin dohinner, do setzen schon lauter Koreaner. dann muss dat jo richteg sin. 

Ennert den leit sin villeicht 10 Net-Koreaner. 


Um 18h00 ass den Boarding an ech klammen an den Fliiger. Ech fléien mat Asiana Airline. De Service ass gudd a frendlech ( wat si jo all missten sin ). Leider krut ech eng domm Plaatz. ech setzen voll an der Mett zweschen enger Fra an engem Mann... 

Et dauert net laang an et fänkt e Baby schon un mat jeitzen..... Oh nee. ech hoffen, deen schleift awer gleich. 
Et war schon schlemm genuch, déi leschte Kéier nierwend engem Bebe ze setzen deen dei ganzen zeiten jeitzt. 

Personal schwetzt Englesch a Koreanesch an sin wirklech ganz frendlech. 

Ech kucken den Medienprogramm & Filmer & Spiller. Ok, si hun interessant Filmer, serien an spiller. 

D'Iessen war owes : Bibimbap an moies Iessen war Omelette mat Reis an Zopp. Et kann een emmer zweschen 2 Iessen wielen: Koreanesch an Western. Ech huelen mir emmer dat iessen ouni mellech, rahm oder creme. 

Et war ee langen Fluch des Kéier. ech hun un villes geduecht... Haat jo och 10stonnen zeit. 


Den nächsten Daag um 12h40 ( koreanescher Zeit ) sin mir dann ukomm. 
Ech muss fir den Zoll & Immigratioun een Ziedel ausfellen... ( all kéiers )... an deen gin ech dann bei der Immigratioun of. 
Bei verschiddenen Leit dauert et laang bis den Kontrolleur de Pass nogekuckt huet an villeicht scht hien eppes am Computer, ob een stroffälleg ass?? 
Wann den Controlleur onsecher ass, stellt hien engem komesch froen... 

Bei all Arees muss een seng Fanger scannen loosen an heiendso gett eng Foto vun engem gemaach. 
Déi meescht gesin wirklech schlecht op der Foto aus, sou wéi ech. No engem 10h Fluch , well een nemmen nach Duschen... an et denkt een net un laachen.. 

Ech gin durch Immigratioun an rof bei Laafband fir meng Valise,.....wat dauert dat awer laang des Kéier... Ech hoffen emmer, dass meng Valise ganz ukennt.. an net auserneen gefall ass. 

Nee, Uff, do ass se... 
ech huelen se an gin durch den grengen Zoll. 

Korea, hei sin ech.... 



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen