14 Deeg an Südkorea (Abrell-Mee)

22. Abrell 2013 bis 5. Mee 2013

****************************************

23. Abrell 2013
Mat engem leckeren Bulgogi Jeon ( Bulgogi Pancake )


mam Gyeonghoon & Hyejin ( 2 Frenn, déi ech vun 2009 kennen, allen zwee danzen och ) 


Den nemlechten Owend um 4 Auer moies , sin ech op Sillim gefuer, fir den Jungwon ze gesin.. Hien ass een Entertainer & Dänzer. 


Hien huet mir sein neien Tattoo gewissen ^^


BUSAN 24.04-26.07


Den 24.04 sin ech alleng op Busan mam KTX gefuer. 
Als NET-Koreaner mat engem auslänneschen Pass, kritt een Ticket Reductiounen, déi ech emmer benotzen. 
An gudd 2 Stonnen mam Schnellzuch sin ech zu Busan ukomm. 
D'Juho (D.Hams) ass mech sichen komm. Et sin 8 Joër hier, dass ech fir d'leschte Kéier do war. 





Gukbap iessen mam Juho an engem beléiften Restaurant


No enger laangen Sightseeing Tour mam Juho, sin mir owes Makgeolli drenken gaangen. 
Hyeryun ( Bgirl Red) ass och laanscht komm. Hatt ass fir puer Méint a Korea zreck komm. Hatt ass virun puer Joer op Toronto, Kanada geplennert fir seng Etuden ferdeg ze maachen an do ze schaffen. 


Nächsten Daag,, meng Vue vum 14. Stack aus der Royale Suite. 
Bloen Himmel, blot Mier... méi schéin geet et net.  


Am Nometten sin ech op Seomyun gefuer, an hun mech mam Adila & Hams getraff fir koreanesch z'iessen.


Duerno sin mir an JUST DANCE Academy gefuer fir ze trainéieren. Do hun ech Dänzer aus Busan kennengeléiert. An mir konnten an deem groussen Studio trainéieren. 
Mega flott Zeit!! 



JUST DANCE ACADEMY, BUSAN

*******************************************************************************

Den Leschten Daag zu Busan, sin Juho an ech an eng Bar gaangen, wou een nemmen sein Bartender bezillt. 
Et ass eng Special bar, wou nemmen Meedercher kennen goen, deen Bartender schett engem d'Gedrenks eraus, gett engem z'iessen an seet nemmen léif Saachen ( och wann si dat bestemmt net sou mengen, mee si gin jo dofir bezuelt ). 
Mir haaten Chance, dass mir 3 Bartender amplaaz vun engem kruten, well der 2 net vill Englesch konnten. 

No bessi Schwetzen, kruten mir dunn puer Danzperformances vun hinnen gewissen. Et war flott ze gesin, mee den Niveau war net extreme héich. Mee ech hun et awer genoss.

D'Redmodel Bar gett et durch Seoul a Busan. 
D'Bar war an nemlechten Gebei wei mein Hotel. 


 *********************************************************************************

Panorama Bild vun Busan ( Haeundae) 
********************************************
Seoul!! 



Secret Garden mam Holly...  


Insadong mam Holly, Koreanescht Traditionell Iessen.

26. 04.2013 Mirer Mirer Bboy Battle zu Dongdaemun 


27.04.2013

Mam Ilhoon zu Hongdae am Shabu Shabu.  


Hien ass extra deen Owend bei mech op Hongdae komm , fir eis ze gesin, well hien puer Deeg duerno fir 1 Mount an Europa gaangen ass.  

*******************************************************************

Cafe BOX - Hongdae
Den Cafe gehéiert engem Kolleg, Kang Il Gu, & Karam. Et ass eng relax Atmosphäre an belleg Gedrénks, puer Snacks.. 
All Owes war ech do. 









mam Karam an Keen 





Panorama Bild vum Cafe BOX


****************************************************************************************************
Myeongdong mat Yonsei HARIE  13th Generation 





**********************************************


Seoul - Studio 41st Hostel zu Hongdae


Common Room

Panorama Bild vun der Vue vum Studio41st.

******************************************

Iessen mat den 20th century bboyz



Stedluv & Araw 


 Duerno sin mir nach op eng Béierplaaz gaangen.



An eng Partie Daart gespillt


******************************************************

Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen