An der Nuecht huet Südkorea géint Nigeria gespillt.
De Match ass vun 3h30 bis 5h30 gelaaf, ech sin mat enger Frendin aus Deitschland deen kucken gaangen.
Um 23h waren schon all Plaazen besaat.
Mir hun déi éischt Halbzeit Mexico geint Uruguay gekuckt, dann gouf et een Concert ( fir wackreg ze bleiwen ) mat Rockbands an After School.
De Match gouf op verschiddenen Plaazen zu Seoul iwwerdroen.
Zu City Hall waren dausenden vun Leit, Si sutzen bis op Stroosen, déi extra fir d'Spill gespaart goufen. Natirlech haaten mir och ee rouden T-Shirt un fir Südkorea-mannschaft unzefeieren.
Endstand 2 zu 2, a Südkorea ass weider komm!!!! YES!!!
대한민국!!!!!
bis de nächsten Match !