Ech sin mam Zubair aus USA op Dongdaemun gefuer fir e bessi shoppen an ronderem kucken ze goen. Do hun mir och déi Spezialitéit Beondaegi fonnt, déi schon op mengem Blog erklärt ass.
Ech krut eng flott E-mail gescheckt! Mat lauter schéinen Fotoen vun mengem Hond.
Et ass ee gudd Gefill, e bessi Heemescht ze gesin. Seoul ass och flott, mee et fehlt un frëscher ( Baueren ) Holzemerloft. Kéi gesait een héi guer net, villeicht wann ech ausserhalb der Haaptstaat an d'Province fueren.
Geschter krut ech eng Werbung vun Pizza Cat - engem Pizza & Chicken Home Delivery Service. An haut hun ech dat dann ausprobéiert. Et ass déi éischte Kéier, dass ech Home delivery maachen. Normalerweis kachen ech selwer oder ech gin raus iessen.
13,000 won ( ca.8 €) fir eng Grouss Pizza & 1,25L Cola
Süsskartoffel-Käse Pizza 고구마치즈피자
Cat Wings ( 20 Stéck + eng Cola + Beilagen )
Wings waren och 13,000won ( ca. 8 €)
Et huet 30min gedauert, bis ech d'Iessen geliefert krut.
커피프린스 1호점 ( 1st Shop Of Coffee Prince ) ass ee populären Drama vun 2007...Den Café gouf no dem Dréinen net ofgerappt an als richtegen Café opgemaach.En leit zu Hongdae, d'Praiser sin méi héisch wéi déi normal Caféen.
Schauspiller hun no den Dréiaarbeschten all un der Mauer ennerschriwwen.