Jeju Island
Vum 29. August bis den 1. September sin ech am Holly op Jeju gflunn.
Mat Jeju Air vun Gimpo Airport bis Jeju Intl Airport huet et nemmen eng Stonn gedauert. Waehrend dem Flug goufen Spiller mat den Stewardessen gespillt an konnt een Bongen am Wert vun 100,000won gewannen.
Um Jeju Flughaafen ukomm, hun mir missen een Limousine Bus (No 600) huelen deen eis bis an eist Hotel gefouert huet. 3,900won huet den Ticket kascht.
50 min konnten mir gudd raschten.
D' Hotel luch am Jungmun Resort mat villen aneren Hoteler wéi z.B Shilla Hotel, Hana Hotel, Hyatt Hotel, Suites Hotel etc.
Eist Hotel war Lotte Hotel, een 5 Staeren Hotel zu Jeju. D' Hotel huet den Luxus an Comfort och versprach!
Eist Zemmer fir 2 Leit mat engem klengen Living, engem Balkon an engem groussen Buedzemmer mat Bidden, a Dusch.
um 4. Stack war den Hello Kitty Stack! D' Zemmeren, den gang alles war am Hello Kitty format! Ideal fir Kanner an hier Familien.
Eist éischt Iessen zu Jeju. Deen beruehmten Black Pork BBQ!
40,000won + 7,000won Naengmyeon
Mein Danzstage a Séoul
25. August 2012
Am Haja Center zu Yeoungdeungpo-gu hun ech een Danzstage gehaalen. 1 gudd Stonn huet et gedauert an et sin 3 Meedercher komm. Et war eng Benefizveranstaltung. Jiddfereen deen do eppes virgestallt huet oder ee Stage ghaalen huet, sin Adoptivkoreaner/innen aus der ganzer Welt.
Ech sin frou, dass ech een vun denen sin.
Merci, Mette
Ech sin frou, dass ech een vun denen sin.
Merci, Mette
" Wat gett hei gemeet?"
oh kuckelei, do weisen ech wéi een d'Hänn an d'Been koordinéiert....
an emmer schéin an den Spiegel kucken,
mein klengen super motivéierten Grupp
Abonnieren
Posts (Atom)