"BO"

9. November 2013

Haut ass den éischten Daag wou ech mein Hond gesin. 

Hien wunnt am Moment bei senger Pfleegefamill zu Cheonan ( 85km vun Seoul ).

Um 16h haaten mir RDV an der Déierenclinique "Chung wha Animal Hospital" zu Itaewon. 

Bre huet mech um laafenden gehaalen wéi et dem Bo während der Fahrt geet. Him gett et emmer schlecht an muss sech emmer iwwergin. Während denen 2 Stonne mam Auto bis op Seoul, huet hien sech 6 Mol iwwergin. Obwuel hien neischt giess huet, ass nemmen gielles erauskomm. 

Wéi si ukomm sin, haat ech schon mat engem Veterinaire geschwaat waat een dageint maachen kann. Ech hun mir sou vill Suergen gemaach, well hien jo och mat zreck op Letzebuerg flitt an dat sin 12 Stonnen nonstop Fluch!

Sou, geint 17h ass hien ukomm.. hien gesait traureg an krank aus. 
Dat éischt wat hien gemaach huet , aus dem Auto rausgesprongen an Pipi gemaach. 

Bre & de Ros sin mat him an Clinique erankomm  an hien huet sech geduckt. him war et net gudd an hien gefaart. 

Ech sin frou gewiercht fir hien ze gesin an hun him Zeit gin. 




Hien war net an senger Reih, dat huet een gesin. 

Hien krut sein RNATT test an Mikrochip, dofir misst hien op Seoul kommen. 

Ech hun mat den Pfleegeleit geschwaat an et war och déi eischte keier dass mir eis gesin hun. 

Ech hun mat hnnen ausgemaach , dass ech den näcsten Daag op Cheonan fueren fir mat him Zeit ze verbrengen an och mat him treppelen ze goen. Bis dohinner huet hien sech dann erholl. 

Mir sin 3 Stonnen beim Veterinaire gewiercht bis alles geklärt gouf, mat den Tester & bis si all meng Froen beäntfert haaten. 

Khloe , cargo manager an overseas travel manager , war ganz fein an huet mir vill weidergehollef. 

ech hun him ee Medikament kaaft "calmivet" fir hien ze berouegen fir zreck op cheonan ze fueren. Dat ass ee Berouegungsmettel... 

Fir zreck  huet hien sech guer net mei iwwergin, hien huet gedöst , mee net geschloof an hien war ganz wibbeleg op sengen Been. 

Doheem ukomm bei him, huet hien gerascht an heno normal giess. 



10.November 2013

Sonndes sin ech mettes op Cheonan mam KTX gefuer, et kascht 14,100 won fir dohinner, 30min nemmen. 
Zu Cheonan / Asan Station hun ech een Taxi geholl an et huet eng gudd 10min gedauert bis den Taxfuerer dat fonnt huet. Et leit e bessi ausserhalb vun cheonan, bei engem Park.

Wei ech den Bo gesin hun, huet hien ganz ärdeg ausgesin, vill besser wei geschter. 

Hien huet mam Schwanz gewachelt an ass dem Ros déi ganzen Zeiten nogelaaf. Den Ros verbrengt méi Zeit mat him, well hien net schafft an seng Frendin Bre geet schaffen. Weekends sin si allenzwee nemmen fir den Bo do. 

Den Bo huet super bei hinnen, och wann si an engem klengen Appartement wunnen, hun si him vill Leift geschenkt, si hun him Hondsschoul bezuelt an hien kastreieren geloos, an nach aner néideg saachen iwwerholl. Obwuel si wossten dass si den Hond net haalen kennen. 

Ech kéint dat net, wann ech een Hond ze versuegen kréien, weilt ech en och haalen. 
Si kennen hien net haalen, well si nächst Joer a Japan fléieen an den Hond do keen Liewen huet. 
Dofir missten si hien opgin , mee dann sin ech komm. 

Ech hun zu Letzebuerg alles prett gemaach éier ech geflunn sin. 

Ech hun dem Bo Spillsaachen aus Letzebuerg matbruecht. Bre soot mir dass hien Plüschdéieren gären huet an dat ass wouer. ech haat him een quietschIessel kaaft an hien huet nemmen domadder gespillt. 
Ech haat him och nach ee Knuet matgin, mee deen war net sou interessant. 
Den Iessel quietscht an hien huet dat gären. :) 


Hien war wierferzeg an huet missten un  menger Jacket richen.. ech hun baal geduecht hien giff gären drun knätschen well dat och wei ee Plüschdéier ass... 


hien luch bei mir, wat gudd war :)


an hien huet den Plüschiessel gären gehaat :) 

Hien gesait sou frou aus!! 




4 Christ & Hispop United Worship Concert

8.November 2013

Owes ass 4 Christ & Hispop United Worship concert. 

Hispop sin fir 1 Mount zreck a Korea komm an hun den Freiden den leschten Concert gin éier si den 10.11 nees zreck an Thailand geflunn sin. 





Mit haaten d'Chance Minzy vun 2ne1 kennezeléieren... 


8 November ...Danzen

8.November 2013

Um 12h30 bis 15h war eng Danzparty, jo et war wirkech an der Mettesstonn. 
 Hee Jin huet mech invitéiert fir dat kucken ze kommen. Hatt huet dat organiséiert. Et ass een Evemt vun sengen Schülerinnen gewiercht, Hatt gett Hiphop & Aerobic couren fir Erwuessener. 

Wéi ech rankomm sin, krut ech direkt sou ee Neonbrell an d'Hand gedreckt an Heejin ass mech sichen komm. 

Ech war dat jéngst. Wéi ech dann do réischt bemierkt hun, war desen Event fir ééler "leit" hahaha...
sou 30+..... bis 60Joer?? 

Obwuel déi meescht een aneren Beruff hun, hun si do sou vill Dommheeten gemaach, Et waren nemmen Fraen do an déi hun sech geigenseiteg ennerstetzt. Ech hun et ganz interessant fonnt, dass 40, 50jähreger op Hiphop danzen oder einfach nemmen wellen Spass hun. 

Sou eppes a Letzebuerg keint ech mir net virstellen. 

Et ass net em Technik gaangen mee einfach em de Spass! 




No den Shows vun den Leit, waren och nach Guest shows.. 

Vun  engem ze vill gestricheltem a gebijelten Jong....


An Breakdance. natirlech...


Check-out & Check In (INKAS)

9. November 2013

Haut ass den Check Out vum Hostel. 

Ech sollt um 9h bei Inkas sin. 

Mee dat gett neischt. 

Moies um 8 h war guer keen am Gemeinschaftsraum fir no engem Taxi ze froen an och fir Hellef ze kreien fir meng schwéier Valise rofzekréien. 

Um 9h sin ech nach emol rof kucken gaangen an dat eent Meedchen war do. Mee wéi sollt hatt mir dann hellefen? dann kéint ech et jo selwer rofbrengen. 

Ech fannen ech hun bezuelt an well och hieren Service hun, dofir hun ech gesoot, dass ech déi Valise net kann rofdroen. 

Déi 2 Jongen déi och do schaffen, waren net do an kommen réischt um 12h . 
Mee dat ass ze speit, well ech misst jo um 9h bei Inkas sin. 

Tjo, Problem Nummer 1. 

Ech rufffeZen Inkas un fir Bescheed ze soen, mee d'Managerin Songri ass net grad  begeeshtert an ass granzeg. 

Super, an do soll ech elo ranplenneren fir de ganzen November an Dezember? an mir schloofen an engem Zemmer?? Super.... 

Egal, Dat meedchen kann kee koreanesch an muss ronderem uruffen fir dass deen deen net do schafft een taxi urifft , an bemol stin 2 taxien virun der Dier. 

Ech well awer nemmen 1 an bezuelen nemmen 1. 
Den taxi chauffeur ass mega granzeg och, well ech keen koreanesch mat him schwetzen. 
Ech sin op honnertdausend an huelen meng Valise vu  4. Stack selwer rof, geheien se an den taxi dran , mee d'Mall geet net mei zou. Hien well sou einfach fueren mat der Mall op. Mee ech well net... hien meckert mat mir, ech meckeren zreck. an soen him hien soll fueren. Ech knipsen seng Foto mat der ID an reklammeieren bei der Taxigesellschaft. 

Bei Inkas ukomm , ass Managerin mir hellefen komm mee hatt ass mega roosen gewiercht? Firwat dann och? well ech hatt aus dem Bett rausgeheit hun?? Tjo...pech. 

Bei inkas helleft mir een vun den Jongen. deen huet och Krempes d'valise op den eiscten Stack ze kreien. 
Hun ech ze vill agepackt?? 

D'Zemmer ass kleng , 4 Better stin dran. 

Mee wat well een méi fir 140€ de Mount. Heiendso kascht Nuecht 140€ an engem Hotel. Dann ploen mir eis halt. 

Meedercher am Zemmer sin frendlech, déi kommen aus USA an sin schon iwwert 6Méint do. 

Ech stellen mech bei hinnen vir. 





Hostel KW - 6.-11.November

6.11.2013

Ech huelen den Arex Zuch fir op Hongdae, No 46min sin ech ukomm.
Sortie 3 an ech gin den Biller no, déi ech rausgeprint hun. 


Ech fannen et ass zimlech komplizéiert fir desen Hostel ze fannen, wann een nach nie a Hongdae war. 

No ongeféier 10min hun ech et fonnt. 

E Pincode fir eran hun ech net... ech schellen, mee irgendswéi mescht keen op. ech schellen nach emol, an stinn domm virun der Dier. 

Ech muss mat mengem letzebuerger Handy ( deieren roaming ) op déi koreanesch Nummer do uruffen. Gott sei dank hefft een op. 

An den Typ kennt Traapen rofgerannt an mecht mir op. 

Et ass e bessi een Durcherneen fir anzechecken an wei ech an den Gemeinschaftsraum komm sin, wat gesin ech do um Buedem stoen...ee gielen Paack vun der Post! D.h mein Pack ass ukomm, mee en gesait ganz demoléiert aus!!!! D koreanesch Post huet en nach emol zougepescht, also gin déi 4 Streifen vun der Letzebuerger Post guer net duer. 

Den Typ brengt mir meng Valise op den 4.Stack an hien huet Krempes déi erof ze schleefen. Schliesslech sin et och 27kg!!! 

Op den éischten Bleck gesait Zemmer gudd aus, 2 Better, Kichen an ee Buedzemmer. 
Gratis Wifi ass och do. Et ass een Hostel, dofir kann een sech net vill erwarden. 
Hien erklärt mir wéi een den Pin vun der Dier mescht an welchen Pin een hellt fir an den Hostel eranzekommen. 







Hien ass fort, an ech man den Letzebuerger Paack op. 

Häääää? do fehlt awer eppes..... de Schokola...Marzipan wou ass deen dann??? 
Ech sichen de ganzen Paack an ech fannen en net. De Paack war jo op, dann huet een deen geklaut!??? 
Oh nee, mol keng Notiz dass irgendeen deen rausgeholl huet... An wat ass dat??? 

Ee blot Duch?? dat ass awer net meint? Firwat leit dat dann bei mir? 
Egal wat?? 

ech fannen keng Telefonsnummer wou een reklamméieren kann. 
Dann muss ech et jo baal gudd haalen... 

Ech hoffen nemmen dass den 2. Paack ganz ukennt! Soss kritt Letzebeurger Post zwar Dampf gemaach!

De Gemeinsschaftsraum ass kleng. An do gett moies vun 7h -10h Frühstück. 
Toast, Kaffi, Gebees an Müsli. Ganz normal. 



Fir 4 Deeg geet desen Low Budget duer, dann plenneren ech bei InKAS an hiert Guesthouse.