KAPITEL ABGESCHLOSSEN


Dem Beau geet et gudd. Hien liewt elo 1 Mount a Letzebuerg an fillt sech wuel. 

Dat hei ass déi lescht Photo fir den Blog. 


KAPITEL ABGESCHLOSSEN. 

d'Veronique, ech, sin net méi a Korea an sin fir emmer am schéinen Letzebuerger Ländchen, an menger Heemecht.

zu Lëtzebuerg ukomm

Sonnden, 9. Februar 2014

Um 19h00 sin mir zu Frankfurt ukomm. 
Den Fluch huet 12 Stonnen gedauert. Nach nie war ech sou nervös , wéi während desem Fluch, well den Beau och am nemlechten Fliiger war. 

Den Beau ass iwwert d'Laafband beim Sperrgebäck erauskomm. Ech sin hien fir d'éischt sichen gaangen an dann hun ech eng gudd Zeitchen op meng Valise gewaard. 

Mir sin mam Auto vun Frankfurt op Letzebuerg gefuer, fir him nach een Fluch ze erspueren :)

Mir sin géint 23 Auer doheem ukomm an den Beau huet alles missen beschnupperen. 



Hei sin déi éischt Fotoen vun doheem. 

Hien schléift bei mir an der Schloofkummer nierwend dem Bett. 
*****************************************************************************************************

Méinden, 10. Februar 2014

Um 5 Auer moies huet den Beau mech erwescht. Hien huet och een Jet lag. 
Hien wollt geheemelt gin. 

Egal an wellecht Zemmer ech gin, hien kennt mir no. 
Hien färt ze vill alleng geloos ze gin. En huet Trennungsangscht. 

Moies um 9h00 sin mir den éischten Tour maachen gaangen. 
Alles super verlaaf. 


Nom Tour war hien sou midd,dass hien geschloof huet...

Fir d'Mettesiessen sin ech bei meng Elteren iessen gaangen. 
Vun mengem Duerf bis an hiert Duerf zu Fouss getreppelt. 
Leider huet et gereent an hien war schéin brong gin. 

Bei hinnen ukomm, huet hien den Pooky gesin. De Pooky huet geziddert an ass op sengem Kaatzebaam setzen bliwwen. 
De Pooky huet den Beau nie aus den Aaen geloos. 
De Beau krut léif geschwaat.


Doheem bei mir: 

Den Beau leit am Pooky sengem Bett. 
Well de Pooky net an dat Bett do geet, konnt ech et mathuelen. 
Direkt ass hien dran gaangen. Et ass e bessi kleng, mee hien druddelt sech schon irgendswéi dran.


Äddi Bopa

8. Februar 2014 


Et ass Samstes Mettes an Zinna huet mech fir d'Iessen invitéiert. 
Seng Frendin huet een ganz gudden Restaurant mat super Qualitéitsfleesch! 
Well ech keen aneren Daag méi Zeit haat, hun ech den Bop och agelueden. 
Hien ass vun Wondang komm an war frou mir mech erem ze gesin. 




Mir hun Hanwoo Fleesch giess dat ass bescht Qualitéitsfleesch aus Korea, super deier, an super gudd! Ech iessen dat baal nie alleng, well et ze vill deier ass. 
Den Bopa huet d'Iessen bestallt, well hien den eelsten ass. Och wann ech dat lo net gären hätt, wier et onhéiflech fir NEE ze soen. Hien wees awer wat ech gären hun an huet dofir Rendsfleesch bestallt :) 

Well et och sou deier ass, ass den Service och aneschtes am Restaurant. Dem Zinna seng Frendin huet fir eis gegrillt. 
D'Fleesch war sou zaart, wirklech ganz gudd. 
Ech sin bessi erkaalt an haat net vill Honger, et war mir och net gudd, mee ech hun awer mech gezwongen et z'iessen, well et jo déi leschte Kéier ass wou mir zesummen iessen. 

Den Bopa huet dem Zinna ganz Adoptiounsgeschicht erzielt an him och gesoot, dass et him leed deet, dass ech adoptéiert gin sin. 
Ech soen emmer rem an hien wees dat, ( well et villeicht net gleewen) , dass ech zefridden zu Letzebuerg sin, an dass do meng Famill ass. 



Duerno si mir nach an ee Cafe gaangen, Téi & Cappucino drenken an Frëschgemaachten Waffelen an Uebst iessen. 

Den Bopa huet dem Zinna och erzielt, dass ech Brout all daag giff iessen an dass hien mir wéilt nach vill Brout elo hei kaafen ;) 
Ech fléien jo muer fort an dofir hun mir eis op ee Schokolastwist geeenegt, fir dass ech Brout net einfach eweggeheien muss. 

Mir haaten awer nach ee Flotten Nometten, och wann et mir schlecht war. 

Mir hun déi schéin Foto zesummen gemaach :)



Good-Bye

An den leschten Deeg hun ech nëmmen Frënn getraff fir Äddi ze soen. 


Mam Yoo Lim, wou seng Mamm Iessen fir eis gemaach huet. 
Japchae an Jeon 
& hun ech ee leckeren Apel an Zitrounen Téi gedronk.


6. Februar haat ech dat éischt Iessen mat puer Frënn a Frëndinnen. 
Fir d'éischt hun ech mir ee leckeren Bubble Tea kaaft: Passion Fruit 
Ween alles dabei war fir Chicken N' Chips : Hyejin, Min Yong, Jin Sung, Bonyub. 


7. Februar 


Waren mir zu e bessi méi, well dat Weekend war:
De Seon Wook, d'Joy, den Evan, de Paul, de Karam. 

Vun denen alleguerten kennen ech den Paul am längsten. Mir hun eis am März 2009 zu Seoul kennegeléiert. Hien ass ee Kyopo, dat heescht hien ass Koreaner, wou d'Elteren ausgewandert sin. 
Hien ass 1 Joer méi aal wei ech , ass awer schon seit puer Joer bestuet an ass lescht Joër Papp gin. Sein Babygirl ass wirklech ganz süss, Mackenzie heescht hatt :)

D'Joy kennen ech seit 2 Joër durch een Kolleg vun eis.

Den Evan kennen ech seit 2010. Mir hun eis an engem Danzstudio kennengeléiert. 



De Karam an den Seonwook beim leckeren BBQ
De Karam hun ech lescht Joer kennengeléiert, hien ass den Propriétaire vum Cafe BOX zu Hongdae.
De Seonwook kennen ech seit 3 Joër. Mir waren zesummen op der Yonsei Uni.


Samgyeopsal, wat ech nie méi zu Letzebuerg kréien. 
Dofir hun ech et genoss!







Morning cuddle

4.Februar 2014


Kuck Hei elei! Ween ass dann am Bett? 
Den Beau. 

Hien leit hallef mam Kapp um Bett an seng Been um Buedem. 
Ween huet d'Mama an der Nuecht vermesst?






Sonnden - e Latzdaag



éierlech gesoot hun ech den Beau an der Nuecht vermesst. 
An ech sin wirklech wirklech frou, dass hien elo nees bei mir am Zemmer ass. 

Ech hun nie geduecht, dass ech mol een aneren Hond wéi een Husky huelen. 
Ech war mir secher, wann ech nom Rocky een neien Hund kréien, dass dat nees een Siberian Husky ass. 
Mee mam Beau sin ech ganz vill frou! 
An giff hien elo nie méi eweg gin. 
Déi nächst 13 Joër wärten mir vill Spass awer och méi Zeiten, wou ech op den Hond roosen gin wann hien eppes futti mescht, mee dat geheiert dazou. 
Sou wéi wann een e Kand huet , ee Kand geheit een och net op Strooss oder setzt een an een Asyl. 
Den Beau kritt elo gleich ee supert Liewen zu Lëtzebuerg.
Mat grénger Wiss, frëscher Loft, ganz vill léif Leit ronderem him an léiert vill an Europa bei. 

Nach 7x schloofen an dann klammen mir zesummen an den Lufthansa Fliiger zu Incheon an fléien op Frankfurt. 


Beau am Hondshotel - Animal W

Vum 1. op den 2. Februar hun ech den Beau an den Honds Hotel bruecht, well d'Jinhee an ech op Dongdaemun an der Nuecht sollten goen. 

Ech hun hien Samsten owend dohinner bruecht, mat senger Decken, sengem Petzi, sengem Fudder, alles wat hien brauch an wou hien sech wuel fillt. 

d'Jinhee huet d'Käschten iwwerholl, well dat seng Iddi war, Shoppen an der Nuecht ( Hatt misst nach Summerkleeder fir Kambodscha kaafen goen ), Nuecht-iessen zu Dongdaemun an den nächsten Daag am Virmetteg Brunchen. 




Foto ass aus dem Internet...

******************************************************************************************************


Nom Brunchen hun ech nach séier Kommissiounen gemaach, well ech mam Beau dat net maachen kann. Henn sin net erlaabt an den Restaurants, oder Geschäfter. 

Wéi ech an den Hondshotel gaangen sin, hun ech dem Beau sein Halsband schon heieren rabbelen, d.h si sin hien rop sichen gaangen. Ech war nervös an ganz vill frou fir hien erem ze gesin. Et war jo net sou laang hier, mee ech hun ganz vill gefreet. 

Den Beau ass em den Eck komm an huet mech ugelaacht :) 
Hien war sou frou, sein Schwanz hin an hier an ass un mech gesprongen fir mech am Gesicht ze lecken. 
Ech krut dunn den Update gemaach, wéini hien giess huet, wéini si mat him raus gaangen sin, wéi hien sech beholl huet, wéi hien geschloof huet, ob hien am Käfeg wollt sin oder net, ob hien gekrasch huet etc. 

Den Hotel ass an der Déierenklinik mat dran. Et ass ee grousst Gebei , wou um 1. & 2. Stack Hotel fir d'Henn an d'Kaatzen oder nach aner kleng Deieren ass. 
Um 2. Stack gin déi Déieren gesaat, déi net vill Pfleeg brauchen. 
Um 1. Stack schloofen déi Deieren wou all Stonn no hinnen gekuckt gett. Ech hun och nogefrot ob den Beau kéint um 1. Stack sin. Well hien nach jonk ass an net wees wat geschitt. 

All Stonn ass irgendeen vun der Klinik kucken komm an huet opgeschriwen wei et dem Hond geet. 
Si hun den Beau aus dem Käfeg geloos an e bessi durch Zemmer laafen geloos, well ech dat ugefroot hunn. 
Si sin och mat him raus spazeieren gaangen, op meng Ufro. 
Ech hun hinnen erklärt dass mein Hond NET op sou een Pipiteppech mescht. 

Den Beau huet mat sengem Petzi gespillt an vill gedronk, an och 1x giess, wat schon ee Fortschrett ass, wann ech net do sin. 

Hien huet sein Geschäft baussen gemaach :) 
An d'Leit vun der Deierenklinik waren sou frou mat him. 
Si hun hien do gudd behandelt. Ech hun dat bemierkt, well den Beau si och geleckt huet an wollt mat hinnen spillen :) 

Fir deen Preis ass dat ee gudden Service. 


Mir sin heem getreppelt an hien huet un mir gepescht. Emmer rem ropgekuckt, ob ech do sin :) 
Hien huet mech vermesst :) 

Doheem hun ech him seng nei Decken ausgpaackt an si baussen op d'Traap geluecht.
Déi lescht huet hien vollgekübelt, déi misst ech eweg geheien. 

Ech hun awer 2 aner Decken als Reserv kaaft, wann nees ee Malheur giff gescheien. 

Hien genéisst et elo och baussen op der Traap ze leien. 
Leider muss ech hien do ustrecken, well nach aner Familien hei am Haus wunnen, déi neischt vum Hond wessen an sech soss ee Kaka an Box maachen, wann den Tiger Beau se ugreift. 

Well hien sech an der Nuecht sou gudd gescheckt huet  , hun ech him seng Lieblingsschank gin. Et ass Erdnossbotter dran. 





Leschten Brunch mam Jin Hee

2. Februar 2014

Den Virmetten sin ech mam Jinhee fir déi leschte Kéier brunchen gaangen. 

Hatt geet muer an Kambodscha fir 10 Deeg mat senger Kierch. 

Mir waren an den "Honey Bowl" zu Sang su. 15min zu Fouss vun dem Haus. 

Ech hun geduecht, si kachen mat Hunneg, mee et war einfach nemmen ee normalen klengen Restaurant, deen als DEKO Beien an Hunneg huet. 
Et ass léif gemaach an d'Iessen war och gudd an net ze deier. 

D'Jinhee huet mech invitéiert well mir eis haut fir déi leschte Kéier gesin. 

Ech passen op seng Wunneng op wann hatt fort ass :) 



 Dat war mein Brunch, Lecker Paangercher mat Blaubeerensyrop, Wirschtercher, Spéck, Judd, gebrooden Gromperen an Omelett.


D'Jinhee haat sou Ee bréidchen mat Speck, Tomatt, Kéis, An Hollandaise Zoos, mat enger Lecker Zalot mat Balsamico Esseg :)

D-9

Endlech sin mir Enn Januar, dat heescht nach 9 Deeg bis mir op Frankfurt fléien.

Ech kann et kaum erwarden fir mam Beau heem op Letzebuerg. 

Et ass zwar nach ee laangen Wee bis dohinner. 

12 Stonnen Fluch vun Incheon op Frankfurt. Owes um 19h , europäescher Zeit kommen mir do un. 
An dann geet et mam Auto weider op Lëtzebuerg. 



Happy Seollal !!

Alles Guddes am Mondjoer!

Haut ass dat neit Joër vum Mondjoer. 
Et ass d'Joër vum Pärd. 

Et sin Feierdeeg an ganz Korea, d.h. baal alles ass zou, wat bessi komesch ass. 
Déi 24h Restaurants sin fir ee puer Deeg zou, nemmen puer Caféen an Mc Donalds oder Burger King sin op. 

Bussen an Métroen fueren mee net oft an et sin och net sou vill Taxien ennerwee. 

Eng gudd Woch virun den Feierdeeg war een Andrang an den Supermarchéen, Dausenden Koreaner sin akaafen gaangen an hun Geschenker bei d'Famill gescheckt. 
Honnerten Päck luchen virun der Post sortéiert, dat meescht ass Uebst gewiercht. 

Um Neijorsdaag hei, din d'Koreaner hier Truecht un an gin bei d'Famill. Wann een mam KTX oder mam Zuch well ausserhalb vun Seoul fueren an et huet een keng Reservatioun gemaach, dann setzt een a Seoul fest, well et kennt een neierens hin. 

Ech muss mir keng Suergen maachen. Ech bleiwen hei. 

Geschter huet meng Frendin mir koreanescht Iessen laanschtbruecht, wat hatt fir seng Famill gemaach huet. 
Hatt ass och Mamm an dofir huet hatt mir Iessen bruecht. 

Dat ass ganz leif vun him. 


**************************************************************************************************

D-12

29. Januar 2014

Um 7h45 opgestaanen, ech haat eng net sou gudd Nuecht. 
Well ech misst um Buedem schloofen. 
ech sin dat net gewinnt an et ass bemol bessi ze haart fir mein Reck gin. 
Den Beau huet direkt nierwend mir geschloof, mee net op der Matrasse :) 

Mir sin um 9h aus dem Haus gaangen. 
Och nees laanscht den Floss. 







Mir sin laanscht puer Brecken getreppelt an hun demie-tour gemaach fir dann Richtung YG Entertainment ze treppelen. 


YG Entertainment ass een vun denen bekanntesten Musek Entertainments a Korea. 
Do fänken d'Koreaner vun jonkem Alter un, sin nemmen Trainees an hieren Alldaa besteet nemmen aus Sangen, Danzen, Schauspilleren etc, alles fir nemmen heno ee Superstar ze gin. 

Wéi ech mam Beau laanscht getreppelt sin, sutzen Fans girls vis à vis fir ze warden wann irgendswann een Sänger eraus kennt. 

Mir sin awer weider getreppelt an sin Richtung Hongdae getreppelt fir an den Hondscafe ze goen. 
Do ukomm war deen awer zou. Am Internet stung dass en um 10h opmescht, mee d'Auerzeit huet geännert op 13h. 

Oh nee wat maan ech dann nach sou laang. et war réischt 11h30. 

Ech sin dunn bei ee Kolleg an sein Café gaangen, wou den Beau och dierft mat eran :) 


Ärdbier & Banane & Wasser am plaaz Mellech 



Den Beau huet bannen gepennt... 

Um 12h50 sin ech fort gaangen fir an den Hondscafe ze goen. 

Den Hondscafe heescht Sunnyne, do war ech emol am November ouni den Beau. 
Wéi ech eran komm sin, hun d'Henn all gebillt, et war ganz haart an den Beau huet den schwanz erangezunn an wollt net richteg eran. 
Den Mann vum Cafe ass komm an huet mech gefrot ob hien een Männchen oder Weibchen ass. 
Ech soot him et wier een Männchen an och kastréiert. Den Koreaner huet ouni mech ze froen oder mir ze soen wat hien well maachen, hien huet dem Beau zweschen Been gegraff an gefillt ob et wouer wier..

Komesch, Komesch, déi Koreaner! ;)

Dobannen ass den Beau vun all den Henn emzingelt gin beschnuppert. 
D'Leit vum cafe hun opgepasst dass keen vun hieren Henn aggressiv gett. Mee et besteet emmer e Risiko wann mir dohinner gin. 
Den Beau war ängschtlech an huet sech hannert meng Been verstoppt. 
Mee no enger Zeit ass et gaangen an hien huet déi kleng Henn ugekuckt fir mat hinnen ze spillen. Déi grouss hun hien net interesséiert, oder hien war ze schei fir dohinner ze goen. 


No enger Zeitchen ass et besser gaangen an hien huet och mat gréisseren Henn gespillt. 

Do war och nees déi Deitsch Dogg vun der leschte Kéier. 

Déi war sou grouss, dass den Kapp bei menger Broscht ukomm ass . Wann hien gesprongen wier, dann wier hien méi grouss gewiercht wei ech :) 
Mee den Hond haat vill Angscht. Hien haat Angscht virum Beau. 
Hien war awer ganz süss an hunn hien vill gedriwwelt. 
Mee hien huet sou vill gesabbert an ech wollt net dass dat un meng Kleeder kennt. 



No 45min ass den Beau mir emmer nogetreppelt an ech hun gemierkt, dass et Zeit wier fir eraus. 


Déi lescht 13 Deeg

28 Januar 2014

Ech sin amgaangen ze raumen an d'Valise ze paacken, den Beau kuckt mech un an leet sech nierwend d'Valise, dass ech hien net am Zemmer vergiessen :)

Ech préparéieren dem Beau seng Transportkescht , léen Pipi pads dran wann hien sech sollt iwwerginn an dann warden mir op den Hondstaxi.

Um 16h10 ass hien ukomm.
Den Mann ass ee Koreaner an déi 40 Joër an huet sech selwer den Numm "Hondstaxi" gin. Hien ass vun villen Auslänner recommandéiert gin an och vun engem Veterinär.

Hien war sou fein och meng Valise an mein Rucksaack mat ze huelen.

Den Beau huet den Mann gefaart an hien wollt net vun him ugepaackt gin.
Hien huet en och ugegrommelt an ech misst him den Mond zouhaalen fir dass den Mann den Beau an den Auto konnt setzen. Leider konnt ech net nierwend him setzen, an den Beau huet e bessi panikéiert.

( Ech man mir lo e bessi Suergen fir den 12 Stonnen Fluch ).

Bon, et huet eng gudd 40min gedauert bis mir zu Hapjeong waren. Ennerwee huet den Beau bemol keen Toun vun sech gin... Ech wosst net ob hien schléift oder ob hien kitzi mescht.

Wéi mir ukomm sin, hun ech gesin dass hien sech iwwerginn huet  :(

D'Lengt, Sein Petzi an seng Decken waren voll an och voll besuddelt, dass ech sein Peti & seng Decken eweggheit hunn. D'Lengt hun ech gewäsch. Ech haat gott sei dank nach eng Léngt hei kaaft :)

Den Beau huet ganz verschootert ausgesin, agefall an huet sech einfach net gudd gefillt, sou wéi wann et eis doudschlecht ass.

Dat éischt wat hien gemaach huet war eng grouss Mousel éier mir ran an d'Haus gaangen sin.

Dobannen hun ech hien proper gemaach an d'Zemmer préparéiert :)



Owes sin mam Beau laanscht den Han floss gaangen.
Eng wonnerschein Vue an vill Wiss :)



Samsteg Owend & eng Iwweraschung......

Samstes Owend hun ech mech mat Frendinnen an dem Typhoon zu Nonhyeon getraff, mir sin eppes zesummen drénken gaangen an d'Zinna huet alles bezuelt. 
Deen eelsten bezillt an Korea.. Och wann ech him wéilt mein Deel vum Iessen oder Gedrénks wéilt ginn, giff hatt dat mol net unhuelen. 

Also ee groussen Merci. 


Zinna, Vecky, ech an den Typhoon... 
mat eisem Béier an Wirschtercher an Süsskartoffeln... 

*******************************************************************************************************

Duerno ass den Typhoon heem gefuer, well hien nach ee weiten Wee fir heem huet. Hien wunnt ausserhalb vun Seoul an muss nach 1h30min fueren. 

Den Gyeonghoon ass nach kuerz bis laanscht komm an mir sin an ee Cafe een Téi drenken gaangen...
No enger gudder Stonn missten se all heem, well si soss een Taxi missten huelen an fir verschiddener giff et deier gin, well si och weit eweg wunnen. 

Wéi ech heem komm sin, hun ech den Beau héieren an der Wunneng ronderem ze goen. 
Ech hun Dier opgemaach an hien ass mech wei emmer bei Dier begréissen komm, mee dest Kéier hun ech hien net begréisst, nemlech vernannt! 
Hien huet mein Kessen mat den léiwen Hondsouren futti gemaach an den Schaum erausgefescht, deen luch ganz verstreet um Buedem. Hien ass den Kessen sichen gaangen an ass mir en stolz weisen komm. 
Amplaaz dass ech hien gelouft hun, hun ech hien vernannt, an hien huet och verstanen, dass hien eppes net gudd gemaach huet. Ech hun him den Kessen aus dem Mond geholl an hien gestroft. 
Hien huet sech op den Buedem geluecht an sech net méi gemuckst!!!! 
Mein schéinen Kessen vun Nici. Den Kessen huet elo nemmen nach een Ouer an ee grousst Lach! 

Hien war haut keen braven Hond. Den Metten huet hien ee Steck vun mengen Turnschlappen erofgerappt, wat net sou schlemm ass, well ech se souwiesou eweggeheien éier ech heem kommen. 

All Kéiers wann ech aus der Wunneng gin, leen ech all meng Saachen héich op den Schaaf oder op den Desch dass hien net drun kennt, mee desen Owend hun ech vergiess mein Kessen ze verstoppen. 

Muer um Sonnden traineieren ech mat him dass hien meng Saachen net dierf upaacken. 
Nodem dass ech hien gestroft hun, dass hien den Kessen net méi dierf upaacken, hun ech him de Kessen virun Nues geluecht fir ze kucken ob hien en hellt oder net. 
Hien huet sou onschelleg drangekuckt, mee ech sin net drop agaangen. 
Hien huet et net geholl. 



Oakwood Premier Hotel - Bistro Seoul

25. Januar 2014 

Oakwood Premier Hotel
Coex, Samsung
Bistro Seoul 

Fir d'Mettesiessen haat ech een Rdv mam Semyon senger Mamm, si ass fir puer Wochen a Korea, an si wollt mech gesinn :) 
Si huet een Dësch am Restaurant " Bistro Seoul " reservéiert fir 13 Auer. 
Ech war nach e bessi midd vun dem Daag vidrun. 


Desen Restaurant ass bessert Qualitéitsiessen, well den Oakwood Premier Hotel een 5 Stären Hotel ass. 
Den Service war super. 

Jihu huet fir mech bestallt an et sin Gäng gewiercht. 

************************************************************************************************






Entrée: 
Frëscht Geméis emrullt mat engem dënnen Paangesch, 
Eng Zopp mat Knuewleck, 
Kimchi am Wasser 
Tofu Zalot



Meerschnecke-Zalot


Verschidden Paangecher: Meeresfrüchte, Boeuf, Kimchi



 Seeschnecke à la vapeur, een Ee , an enger Zopp



 zerhackt gegrillt Randsfleesch, mat engem Reiskichelchen mat Champignons, marinéiert mat Sojazooss



marinéiert Schwengsflésch , mat Gromperen an der Paan gebroden an Geméis, 


op der Holzkuel gebroden Schwéngsfleesch mat Sojazooss mat Rettich


Bibimbap mat Zalott, Champignons, Ennen, mat enger Zopp aus Kaabes

( Foto vergiess ze maachen vun dem Fleesch mat frittéiertem Knuewleck )

Sesame Crackers & Pflaumentéi

An dat alles war nemmen fir 1 Persoun!



Freiden Owend

24. Januar 2014

FREIDES OWES

Endlech mol nees ee Freiden Owend wou ech mat Kollegen eppes drenken war. 
Den Rainer war mat mir gaangen, hien kënnt aus Deitschland, mee huet 20 Joër an USA gewunnt an als Pärdstrainer & Vétérinärpfleger geschafft. No 20 Joër an Amerika, huet hien sech entschloss eppes neies ze maachen an ass an Südkorea gaangen fir ze schaffen. 
Mir wunnen an dem nemlechten Haus an sin owes zesummen mat mengen koreaneschen Kollegen eppes drenken gaangen. 



Mir sin fir d'éischt an een Makgeolli - Haus gaangen wou een "All you can drink" Makgeolli kritt. Mir hun eng Klengegkeet giess an dunn sin mir an eng aner Bar gaangen.
Den Karam ass um 23 Auer nokomm an mir haaten interessant Gespréicher bis 4Auer moies.