Desen Artikel ass e bessi ze spéit un, well ech d'Photoen réischt virun en puer Deeg krut hun. Mir gin nees zreck an den Februar , wéi den Koreaneschen Neijoersdaag war. Ech sin mat Frendinnen an Namsangol Hanok Village gefuer, fir traditionell Iessen, Spiller, Biller, Heiser ze gesin. Bei der Entrée stungen 2 Pappfiguren, wou een sein Kapp kann ranstiechen.. An mir hun dat direkt missen maachen ^^ Lenks: Hye Jin , Riets: Ech ^^
Dann konnt een sech eppes wenschen, an deem een et opschreiwt, an heno ophenkt :) Meng Frendinnen wollten, dass ech eppes op koreanesch dohinner krotzelen, mee ech hun mech gwiert, fir EXTRA Letzebuergesch ze schreiwen. Do war bestemmt keen aneren Wonsch op letzebuergesch ze fannen.
Mein Wonsch ass den orangen riets zerdruddelten Knuet.
Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen