19. August 2010
Haut sin ech mam Soonja , aus Deitschland, op d' Jeonju gefuer.
Jeonju leit 3 Stonnen vun Seoul an ass bekannt fir den Bibimbap an Hanok Village.
2010-2012 ass Visitkorea Joer, wou Gratis Shuttle Bussen fir Auslänner sin.
Vun Seoul - Jeonju, Seoul-Gyeongju, Busan-Gyeongju.
Déi 3. bekanntesten an gréissten Stiet a Korea.

De Bus war ee schéinen Reesbus mat groussen Setzer engem LCD Fernseher, mat enger feiner Guidin an engem Buschauffeur.
An eiser Reesgrupp waren nemmen Chinesen a Japaner, déi ze vill geschwaat hun >__<

eng roueg Stroos am Hanok Duerf ( déi mech u Letzebuerg erennert huet )

Sou gesin d'Haiser an deem Duerf aus


Jeonju ass eng roueg Staat. Ganz aneschtes wéi Seoul.


Dann waren mir eng bekannten Kirch kucken, wou vill Filmer gedréint goufen.


Et ass eng kathoulesch Kierch. Koreaner hun haart an der Kirch geschwaat, wat mech gestéiert huet.
Duerno sin mir an een Wein-Museum gaangen.

Un den Männercher gouf erklärt, wéi den koreaneschen Reiswein ( Makgeolli ) hiergestallt gett.

Zum Schluss sin mir nach eppes iessen gaangen , éier mir nees den nemlechten Daag heemgefuer sin.

Beilagen ( et kann een sech emmer nobestellen )

Jeonju Bibimbap ( deen berühmten Bibimbap, soll anscheinend aneschtes schmachen wéi zu Seoul )

Kalbitang ( Soupe au Boeuf, mat Reis )