Haut sin ech mam Soonja , aus Deitschland, op d' Jeonju gefuer.
Jeonju leit 3 Stonnen vun Seoul an ass bekannt fir den Bibimbap an Hanok Village.
2010-2012 ass Visitkorea Joer, wou Gratis Shuttle Bussen fir Auslänner sin.
Vun Seoul - Jeonju, Seoul-Gyeongju, Busan-Gyeongju.
Déi 3. bekanntesten an gréissten Stiet a Korea.
De Bus war ee schéinen Reesbus mat groussen Setzer engem LCD Fernseher, mat enger feiner Guidin an engem Buschauffeur.
An eiser Reesgrupp waren nemmen Chinesen a Japaner, déi ze vill geschwaat hun >__<
Jeonju ass eng roueg Staat. Ganz aneschtes wéi Seoul.
Dann waren mir eng bekannten Kirch kucken, wou vill Filmer gedréint goufen.
Duerno sin mir an een Wein-Museum gaangen.
Zum Schluss sin mir nach eppes iessen gaangen , éier mir nees den nemlechten Daag heemgefuer sin.
Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen