13th Andong Maskdance festival





Andong Maskdance Festival war vum 24. September bis den 3. Oktober zu Andong.
( 4 Stonnen vun Seoul )

Den läschten Daag, 3. Oktober 2010, sin mir dohinner gefuer fir ee Flash Mob ze maachen.
Iwwer 100 Dänzer hun iwwert 1 Woch mateneen den 8 minuten Danz geprouft.
Mir hun eis moies um 9h30 am Wise Studio zu Hapjeong getraff, fir 30 min nach emol ze üben, dann gouf den Daagesoflaaf erklärt. 2 grouss Reesbusser goufen bestallt an et huet iwwer 4 Stonnen gedauert bis mir zu Andong ukomm sin.

Andong Maskdance festival ass ee grousst an bekannt Festival a Korea, wou Touristen aus aller Welt an Koreaner sech versammelen fir traditionell Masken, Iessen, Kleeder etc ze kaafen.
Et goufen vill traditionell Dänzoptretter sou wei och populär Musek-Optretter.

Andong's Iess spezialitéit ass Jim Dak ( scharf, gedämpfte Poulet ).
Natirlech sin mir dat och iessen gaangen.


Duerno haaten mir 2 1/2 Freizeit, fir ronderem kucken ze goen. Ech hun eng traditionell Mask gebastelt.


Um 19h30 hun mir eis all nees getraff fir eng läschte Kéier alles ze bespriechen, dann hun mir ugefaangen.
Mir hun eis ennert d'Leit gemescht an bemol huet een d'Musek héieren an mir hun ugefaangen ze danzen.




hei sin nach puer Fotoen:



Heather & Ech

Han Ol







Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen