Meng Chreschtdeeg....
Den 24. Dezember sin ech mat Frendinnen eng Show vun Art Korea, Hispop An Mentor kucken gaangen.
Et war sou kaal dobaussen, bis zu - 15 Grad. Mir stungen iwwert 1 gudd Stonn dobaussen. Meng Zéiwen waren gefruer,....
Duerno sin mir mat Hispop iessen gaangen..
Nom Iessen hun mir aner Kollegen getraff an sin e bessi feieren gaangen.

Chreschtdaag selwer sin ech owes mat aner Kollegen zesummen iessen gaangen.
Chreschtdaag a Korea as e bessi aneschtes wéi a Letzebuerg. Koppelen gin Chreschtdaag zesummen eraus, Iwwerall Koppelen , dofir sin mir ( déi Singles sin) zesummen iessen gaangen. Fir d'eischt ee gudden koreanschen Barbeque an dann Baskin Robbins Glace!!
Géint 22h sin ech heem komm an hun mat der Famill geskypt!! :)
dat war mein Chreschtdaag....