A Chreschtdaags Stemmung



12. Dezember 2010

Vum 10. bis den 12. Dezember war e klengen deitschen Chreschtmaart zu Hansung University.

Et waren vill auslännesch Familjen um Chreschtmaart an puer virwerzeg Koreaner, déi kucken komm sin. Et goufen verschidden Stänn mat Iessen oder Dekoratioun.

Ech hun mir ee klengen Stollen kaaft. D'Bäckerei vum Ritz-Carlton Hotel haat ee Stand.




an ee opgeschniddenen Stollen mat Marzipan dran

an deen schmaacht sou wéi bei eis ^^

Fir Mettesiessen haaten mir eis Wippercher & Gulasch kaaft.
De Gulasch vun doheem ass vill besser!!!!!!

An natirlech hun mir eis och nach ee Dessert gegönnt:


Waffelen mat Glühwein

Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen