LONDON, UK
27.12 - 30.12.2011
27.12 - 30.12.2011
Mein Brudder an ech sin fir e Puer Deeg op London geflunn, fir eng kuerz Vakanz do ze maachen.
Mir sin ee Musical "Wicked" an den Apollo Victoria Theater, an hun am Crowne Plaza st. James zu Victoria iwwernuecht. D´Hotel leit 5 Minuten vum Buckingham Palace eweg! an 10min vun der Tube station: Victoria
Am Apollo Victoria Theater sutzen mir ideal fir alles ze gesin. D´Bühn war ganz schein an de Musical selwer war wirklech entertainment puer!
E Puer Fotoen vum Hotel
Zu London sin ech natirklech no Koreanesch restaurants kucken gaangen. Ech hun een villversprachend am Internet gesin gehaat, an mir sin dat dunn ausprobeieren gaangen.
Et huet sech gelount. De Service war top. De Restaurant ass ganz kleng, traditionell an d´Serveusen hun hiert traditionellt Kleed, den Hanbok, un. Si schwetzen Englesch a Koreanesch an sin ganz frendlech. Si hun eng Kaart op Koreanesch an op Englesch. D´Praiser sin e bessi mei deier wei wann een dat mat Letzebuerg vergleicht, mee et ass net nemmen ee normalen "chineseschen" Restaurant wei bei eis.
Barbeque
Nodeel ass, dass een all Beilaagen muss bezuelen, souguer Zalot.
Den Restaurant heescht KAYA
42 Albermarle Street
London W1S 4JH
Tel: 020 7499 0622
Dei Zeit wei mir do waren, sin grad hier SOLDEN ugaangen.
Mir sin an d Oxford Street, an den Harrods, Victoria, Piccadilly, Buckingham Palace etc kucken gaangen. Natirlech sin mir och dei aner Theateren kucken gaangen, mat hieren groussen Plakater vun Les Miserables, Mamma Mia, Lion King, Billy Elliott etc
Nice photos! I enjoy them very much! Hope to see more photos soon
AntwortenLöschen