Adoptiounsdaag ....

22. Dezember 2013

Endlech ass et esou weit. ech warden schon sou laang op desen Daag! 

Ech sin moies op Cheonan mam KTX gefuer. um 12 Auer mettes hun ech mech mam Wonbok getraff fir den Hond sichen ze goen. Hien ass vun Incheon op Cheonan gefuer. 

Um 13h sin mir beim Bre an Ross doheem ukomm an hun dem Beau sein Antikatzmedikament gin. Hien huet sech gewiert fir dat net ofzeschlecken, mee leider misst hien dat kréien. 

Déi leschte Kéier huet en sech 6x iwwergin wei hien op Seoul komm ass. Ech wollt dat vermeiden . well et net mein Auto war, mee dem Wonbok sein Auto! 

Ech hun seng eng Spillsaach agepaackt, ech krut seng blo Decken an och nach bessi Leckerlien, déi ech hinne virun puer Wochen gin haat. 

an dann sin mir och direkt gefuer, net laang Eddi soen, dass den Hond dat net sou matkritt. Dat kann een domadder vergleichen, wann een e Kand an d'Creche brengt an wann d'Elteren ze laang mam Kand schwetzen, fänkt et un um kreischen. 

Dofir hun ech den Hond un Lengt geholl an sin direkt mat him eraus gaangen . Ennerwee fir bei den Auto huet hien no hannen gekuckt an gemierkt dass keen vun hinnen 2 matkennt an ass stoen bliwwen. 

Ech sin weidergaangen an hun hien matgezunn. 

Wéi hien den Auto gesin huet, huet hien sech op den Bueden faalen geloos, an ass ganz lappeg gin. 

Dat mescht hien emmer wann hien net wees wat leeft oder Angscht huet. 

Ech hun hien missen op den Aarm huelen an op den Setz setzen. 

Hien huet direkt ugefaangen mat sabbelen an et ass nemmen sou gelaaf. 
Gott sei dank haat ech Haushaltspabeier matgeholl an un seng Schnuff während der Autofahrt ofgebotzt. 

Den Wonbok ass ganz lues gefuer, fir dass den Auto net ze vill hin an hier geet, fir dass et him net schlecht gett. 

Mir hun och während denen 1h30min d'Fensteren opgehaat, dass den Hond fresch loft krut. Eis war et zwar saukaal, mee dem Hond gung et besser. 

Mir hun ech 2 Pausen zweschenduerch gemach fir dass hien eng Pipi paus maachen kann. 
Hien war ze vill gestresst dass hien keen Pipi konnt maachen. No der eischter Paus, huet hien sech nees op den Bueden faalen geloos, ech hun him sein neit Quietschedéierchen gewissen, mee hien huet et net bekuckt. ze vill Angscht oder gestresst war hien. Ech hun hien nees an den Auto gesaat an mir sin weider gefuer. 


Hien gesait hei ganz draddreg aus an net an der Reih, mee dat ass normal, well hien den Auto net gudd verdreit. 

Eier mir bei mech heem gefuer sin, missten mir nach sein Fudder sichen goen. bei den Deierendoker. 
D'Clinique huet 24h/24h op an ass ganz Joer durch op, wat super ass! 

Wei hien sollt duerno an den Auto goen, ass hien vum selwen drangesprongen :) hien huet ee fortschrett gemaach. 

Doheem ukomm, hun ech sein Auto proper gemaach. 

Fir an meng kleng Wunneng ze kommen mussen mir durch een deischteren Gang goen, hien huet dat gefaart an huet sech op den Bueden nees drellen geloos. ech misst hien ranschleefen, dass hien gesait, dass do neischt geféierleches ass. 

( ee klengen Färtert hun ech adopteier )

An mengem Zemmer huet hien virsechteg alles beschnuppert an den Wonbok ass nees heem gefuer :)

***********************************************************************************************************

Nodem dass hien alles beschnuppert huet, huet hien sech op deng blo decken geluecht an e bessi gerascht. 



Ech sin duerno mat him treppelen gaangen  , eng gudd Stonn an den Parc, deen leit 25min vun mengem Doheem, mir sin eng gudd Stonn durch den Parc getreppelt. Hien huet net gepisst an och net geschisst, wat hien hätt sollten maachen. 

An wei mir dunn zreck komm sin, huet hien sech schnell virun een Restaurant gehuppt an sein mellen Kaka dohinenr gedreckt. d'Leit am Restaurant hun mir nogekuckt wei ech den Kaka mat der Tuut opgehuewen hun. 

Merci Beau!! 

Dann sin mir heem getreppelt. Während dem sin ech vun jiddferengem ugekuckt gin, verschidden Koreaner hun : oh wei leif geruf, anerer hun ee groussen Bou em hien gemaach, wei wann hien een béisen Tiger wier an déi kleng Koreaner fresst. 

Doheem ukomm huet hien sech an d'Wiss gehuppt fir Pipi ze maachen. Hien huppt sech nach wei ee klengen welpen, an hefft net sein Been op! 

ech hoffen dat ännert awer gleich. 



 "wat ass dat fir ee Geréisch?"




den Beau mat senger neier Spillsaach



Den laangen Schleeck durch d'Gesiicht...





Typhoon - Net den Sturm

19. Dezember 2013

Den Owend hun ech mech endlech mam Typhoon konnten treffen. Hien huet all Daag eppes um Programm vum Danzen, dass et ganz schwiereg ass een gemeinsamen Datum ze fannen. 

Mir sin japanesch iessen gaangen. Hien huet dat falscht fir mech bestallt an ech krut dunn eng Art Schnitzel mat Kéis, well ech dat jo awer net iessen kann, misst hien dat dunn iessen. 

Dat heescht hien huet dunn: Ramen , Frittéiert Scampien an mein Kéisschnitzel giess. 

An ech hun mir eppes neies bestallt. ....



Deen Aarmen misst alles iessen fir neischt ze verschwenden....



Den Typhoon ( Yong Won )


Hien huet mir ee léifen Cadeau gemach , mat enger Mietzi an sengem neien Film op engem USB Stick. Alles léif agepaackt :)


sin fir d'lescht geplennert ...an Hondskultur

20. Dezember 2013 

Haut sin ech fir déi leschte Keier geplennert. 

Ech sin vun Hapjeong op Nonhyeon geplennert. dat leit op der anerer Seit vum Han Floss. 30min mam Taxi an 45 min mam Metro. 
Nonhyeon leit an dem Gangnam Véirel, an engem méi chicen Quartier. 

Obwuel den Quartier chic ass, ass meng kleng Wunneng et net. Ech hun eng kleng Einzimmerwunneng fonnt wou ech mam Muppi kann wunnen. 


Et huet alles wat ech brauch: eng kleng Kitchinette ( vun der Hygiene schwetzen mir lo net ;) , mat puer Deppen an Paanen, Geschier, eng Taas, Glieser, Schneidebried, ee Frigo, een Pult mat engem Sessel, ee Bett mat Bettgedecks, ee Gestellt fir Kleeder opzehenken ( dat ass ganz normal, sou eppes hei ze hun, kascht net deier an jiddfereen gesait  wats du am "kleederschaaf" hues. ) Net menges, mee ech sin jo nemmen kuerzfristeg hei., e klengt Buedzemmer mat Dusch. 

Buedzemmer nie a Korea gehetzt! 
et gett och keng Heizung dran oder eng Buedenheizung. 

An mengem Zemmer gett et durch d'Buedenheizung gehetzt, si hun keng Heizkierperen wei mir. 
Et gett och keng Rideau oder Rollued. Gott sei dank ass d'Fenster gerillt dann gesait een net direkt eran. Mee e bessi onsecher sin ech awer, wann ech mech muss undoen. 

D'Zemmer huet eben nemmen Basen , an fir de Rescht muss ech alles kaafen goen, 
Een Daiso gett et och ganz no bei der Wunneng oder een 7 11. 

Dem Beau sein Bett ass och prett gemaach an hun Fudderdeppercher kaaft fir 1 € Steck, & Fudder Royal Canine fir 50€ / 10kg Paack. 
Ech kaafen nemmen dat Beschten Fudder, well ech koreaneschem Fudder oder Leckerlien net trauen, ech wees net wat dran ass an d'Koreaner sin schon gelungener wann et em "Hausdeieren " geet. 

Henn-kultur ass ganz komesch an gewöhnungbedürfteg a Korea! Ech hun déi europäesch Art & weis leiwer wei een en Hond behandelt oder winnt. 

Et sin zimlech vill Leit dei hun een Hond ( een klengen Hond deen an Posch passt oder eng Kaatz ). D'Koreaner gin NIE mat hieren Henn eraus, dat hun ech réischt dest Joer geléiert! 
Ech hun mech gewonnert firwat een baal nie Henn dobaussen gesait. an firwat d'Leit sou komesch op mech reageiert hun, wann ech mam Muppi eraus well goen. 

Also, d'Koreaner wunnen jo an kleng Wunnengen, dei meescht an enger Einzimmerwunneng. 
De Muppi ass den ganz daag alleng, well si gin jo schaffen an wou mescht den Muppi Pipi oder Kaka.. 
Si maachen op speziel saugfäheg Dicher, déi normalerweis fir Welpen benotzt gin. 
Déi meechten Henn sin net gewinnt ze treppelen an dofir mussen si oft an den Hondbeauty salon goen fir hier Neel geschnidden ze kreien, well déi meeschten Henn mol nach nie op Beton spazeiert sin. 

Verschidden Koreaner waren mega schockeiert wei ech gesoot hun dass ech mind.4 x mam Beau eraus gin fir dass hien sein Geschäft kann maachen. Ech hun si net verstanen an si mech net. 

Elo wou ech et wees, fannen ech et wirklech egal waat vun hinnen, firwat si dann iwwerhaapt een Hond hun. 
Henn hei sin fir si Accessoiren an net Déieren. 
Déi meeschten gin och einfach an Deirenasyl gedroen wann d'Deierchen net mei flott ass oder aal. 
Deierenasyler hei sin awer aneschtes wei bei eis. Hei gin et Asyler wou se doudgemaach gin. D.h. innerhalb vun der 1. Woch , wann den Hond net adopteiert gett, gett et an ee Käfeg mat aneren 5-10 Henn drangequätscht, wou en souwieso sech net mei bewegen kann an dann gett hien doudgemach. Ech well lo net erzielen wei si dat maachen, well dat ass nemmen Tierquälerei. 

Mein Muppi den BEAU erliewt sou eppes NIEMOLS! 
Hien wunnt mat mir bis mir den 9.Februar 2014 op Frankfurt fleien , dann op Letzebuerg fueren an dann bleiwt hien fir sein ganz Liewen bei mir doheem! 

Ech free mech dass ech hien muer ( 22.12 ) sichen gin.


GOAL Chreschtparty & fir ee gudden Zweck

14. Dezember 2013

Haut den Owend huet G.O.A.L ( global overseas adoptee link ,asbl ) hier Chreschtparty wéi all Joërs. Nëmmen des Kéier sin ech och dabei beim Plangen. Ech sin vun dem GOAL Comité gefrot gin fir dest Joer matze organiséieren. 

Ech krut d'Positioun : Stage Manager, responsabel fir jiddfereen deen optrett. 


Den Owend war wirklech ganz flott an d'Leit déi komm sin, hun sech gudd amuséiert. 
Den Speaker Benjamin Hauser, deen seit 10 Joer a Korea wunnt, een Adoptivkoreaner aus den USA huet gemengt dass dest Joer den Entertainment am beschten wier, well si nach nie B-Boys oder Tricker haaten. 

Um 17h sin d'Leit lues an lues komm, hun hieren Entrée bezuelt wat zimlech deier war. mee all Entrée ass fir een gudden Zweck! 

Um 20h00 haaten meng Kollegen "20th Century Bboys" hieren Optrett. 

Um 21h00 haaten "King Of Connexion" hieren Optrett an um 21h30 haaten "Lions on the beach" hieren Optrett. 

Ech sin frou gewiercht, dass et den Leit vun GOAL an och dem Staff vum Kaokao super gefall huet. 
Mir kruten nemmen positiv Feedback! 

Och wann ech nächst Joer net a Korea sin, kann ech hinnen villeicht hellefen fir een aneren Entertainment ze kreien.
Ween wees?



Kaokao Bar, wou mir eisen Event haaten :)


Et fellt sech sou lues an mir prepareieren Iessen


Buffet "all you can eat" 
mat 1 gratis Gedrenks. 



King Of Connexion sin Tricker aus Südkorea , si gehéieren zu denen beschten an sin professionell!
Si hun eng Academy a Seoul, wou si den jonken Nowues traineiren. 
Si maachen all Taekwondo, Hapkido an nach aner Kampfsportarten souwei Acrobatic an Danzen! 
( Tricking = Kampfsport & Acrobatic )

D'Photoen vun dem Event kommen gleich op goal.or.kr 

HOLT - Adoptioun

10. Dezember 2013

Ech sin net mat vill Erwaardungen bei Holt Post Adoption gaangen. 
Ech wollt einfach nemmen meng Dokumenter mat den Dokumenter vun hinnen vergleichen an si sollten mir koreanesch Dokumenter kopeieren , dass ech se och an mengem Dossier hun. 

Et ass eng nei leif assistante sociale,déi sech em Letzebuerg an d' Belge bekemmert. Hatt ass och adoptéiert gin, an d'Belge an schafft elo bei Holt. 
D.H hatt konnt novollzéien, wéi ech mech gefillt hunn an dass ech zimlech enttäuscht gin sin vun Holt vun den Joeren vidrun. 

Mir hun geschwaat an geschwaat an sin op Thema Bop komm.. 
Ech gin lo net an Détailer, mee et ass erauskomm dass si den Bop direkt ugeruff huet fir ze him ze soen, dass ech elo a Korea wier an dass ech hien well gesin. 

Resultat: Jo, hien well mech gesin. 

an der nemlechter Woch, nemlech den Donneschten, 12.12.2013. 

*********************************************************************************


12. Dezember 2013

Ech hun ee klengen Fotoalbum préparéiert fir hien iwwert mein Liewen a Letzebuerg. 

Mir hun eis fir déi éischte Kéier gesin. 

Mir hun 2 Stonnen bei Holt geschwaat an hien huet meng Froen beäntfert. 

Dann sin mir zesummen mam Iwwersetzer iessen gaangen. 

Duerno nach een Téi gedronk an dann sin ech heem an hien och heem gaangen. 

Fazit: Allen 2 waren frou, hun Fotoen gemaach, Adressen ausgetosch, Handysnummeren ausgetosch. Hien huet mir Fotoen vun menger Mamm gin :). mir gesin eis während mengem Openthalt a Korea erem. 

*Ech setzen keng Fotoen hei op den Blog*

Mecenatpolis

Ech hun mech mat enger Frendin am Mecenatpolis getraff. Dat ass een super neit Gebei zu Hapjeong, mat villen Büroen an enger grousser Shopping Mall. 
Do gett et ee Stack nemmen mat Restaurant an wéi mir um 13h ukomm sin, war alles besaat. 

Hatt huet seng Frendinnen matbruecht. 
Ech hun si all virun 3 Joer kennengeléiert. 
Si sin all Mett 30 oder Enn 30 , sin bestuet an hun Kanner. 

Moien an mettes wann d'Kanner an der Schoul sin an wann d'Männer op der Schaff sin, gin si an Aerobic-couren, Danz-couren , Fitness couren etc. 
Si danzen Hip Hop an sin och zimlech gudd doranner. Si gesin och net aus wei wann si elo schon Enn 30 wieren. 
Si hun mir erzielt, moies wann d'Kann opsteet, sin si ganz normal ugedoen, wéi eng Hausfra soll ausgesin, Kichenschürze, d'Hoer normal etc. an wann dann jiddfereen aus dem Haus ass, dann din si hiert Hip Hop Gezei hun, stylen sech d'Hoer an gin dann sou aus dem Haus. 

Ech hun hinnen erklärt dass ech dat ganz flott fannen, mee ech kéint mir net virstellen dass meng Mamm oder mein Papp sou aus dem Haus geet ;)






Dat ass meng Frendin "Hee Jin" oder och "Zinna" genannt.


De ganzen Grupp Fraen. 
Gesin si aus wéi enn 30??

eng koreanesch Hochzeit

7. Dezember 2013

Haut ass dem Sunyim seng Hochzeit. Ech hun hatt virun 4 Joër kennengeléiert. 
Hatt an sein Frend sin iwwert 8 Joër zesummen an hun sech lo décidéiert fir sech ze bestueden. 
Allen zwee sin iwwert 35 Joër aal. 

Ech war nach nie op enger koreanescher Hochzeit. 

Et huet punkt 11 Auer ugefaangen. 

Hochzeiten gin emmer an engem speziellen extraen Hochzeitsgebei gemaach. d.h ee Gebei wou et verschidden Reim gin , mat engem speziellen Thema. All Reim sin ganz chic an luxuriös ageriicht. 

Hochzeiten an Korea sin ganz aneschtes wéi bei eis. 

Korea ass ganz bekannt fir dass alles séier geet, an dat leider och um wichtegsten Daag vum Liewen.

Wei ech eran komm sin, sutzen Leit schon all op hieren Still. 

An der Mett war eng Bühn mat Laufsteg an rechts nierwend der Entrée stung Sunyim op sein Optrett ze warden. 

Et gouf eng Musek ugemaach an et gouf alles durch den Mikro geschwaat. 

Ech sin mir mol net secher op dat ee Paschtouer war oder net, well den Mann war am Costume an Krawatt. 



Vir d'éischt ass sein Mann iwwert Bühn gelaaf an huet vir bei dem Mann geward, dann ass een Sänger op Bühn komm an huet een schéint Lidd fir d'Sunyim gesongen, an ass hatt sichen gaangen fir op Bühn. 
Hatt ass iwwert den Laufsteg getreppelt, ennert Herzenluuchten ( wat Kitsch ass ) an dann hun Leit geklappt. 

Wat mech gestéiert huet, war, dass wähend der ganzer Hochzeit, d'Leit ran an raus gaangen sin, dass d'Kanner ronderem gelaaf an Kaméidi gemach hun, d'ass Leit déi ganzen Zeiten gebraddelt hun an net nogelauschtert hun wat vir bei der Bühn geschitt. Et konnt einfach Leit eran kommen, ween wollt, och schon virverzeg Leit vun der nächster Hochzeit. 
Um 11 Auer war eis Hochzeit an dann um Punkt 12 war schon déi nächst. Während eiser hun Aarbeschter schon Posteren , blummen fir déi nächst Hochzeit opgehaangen. 

Et huet net richteg een nogelauschtert an huet och keng Fotoen gemaach. 
Nodem dass den "Paschtouer" geschwaat huet, ass den jonken Brudder vum Bräutigam op Bühn komm an huet den Mikro geholl fir e bessi ze entertainen. Hien huet een Zaubertrick gemaach an all Leit hun gegröllt. 

Duerno gouff Merci gesoot an dann konnten Leit op den Buffet am B1. Dat ass een grousst Zemmer, wou et Buffet gett.. Eier een op d'Hochzeit kennt, muss een sech an ee Buch androen an dann seng Suen ofgin fir d'Koppel an dann kritt een een Iessensbong fir de Buffet. 

Ech sin net direkt op d'Iessen zougelaaf mee hun gewaard. 
Et goufen dann nach séier Fotoen mat der Famill gemaach, déi waren schein ugedoen, mee aner Leit sin an Turnschlappen, oder Rucksäck komm, anerer haaten Schung un fir hiken ze goen, anerer sin komm wéi wann si doheem botzen, an ech war super chic ugedoen, wat een jo och soll maachen. 

No der Foto vun der Famill gouf d'Foto mat den Kollegen gemaach. 

Ech hoffen ech kréien d'Foto dann weisen ech Ierch se. 

Nodem ass ganz Famill op den Buffet gelaaf. Ausser d'Elteren an Geschwester net. 
Mir sin op den ierwechsten Stack vum Gebei gaangen, well do gouf et eng traditonell koreansch Hochzeit. 
Si missten een Hanbok undoen, deen extra nemmen fir Hochzeiten ugedoen gin. 

Dann gouf et eng Zeremonie gemaach, déi ganz interessant war. 
Normalerweis ass dat nemmen fir d'Famill, mee mir dierften dat kucken goen. 




Nodem sin mir rof op den Buffet gaangen, d'Leit sin do och ronderem gelaaf,et huet keen deen aneren kannt an et ass een sech einfach nemmen Iessen an Gedrenks sichen gaangen. Alles misst och séier goen, fir déi nächst Hochzeit. 
Well keen richteg wosst weivill Leit op d'Iessen kommen a Korea ass dat sou, do kann jiddfereen kommen, wann een Suen ofgett.. misst d'Sunyim iwwert 4.000€ bezuelen dass genuch Iessen do wier. 

Ech sin jo um 11 Auer komm an war um 13 Auer schon nees doheem. 

Et war schein déi koreanesch Hochzeit ze kucken, mee dass alles séier muss goen, huet mir guer net gefall. 

En plus, hun si net Reng ausgetosch an et goufen net déi Sätz gesoot ob déi ech geward hun. 

Si haaten schon d'Reng virun der Hochzeit un. Dat ass wahrscheinlech dann sou a Korea.


Hong Chi aus Taiwan

29. November - 3. Dezember

Während den puer Deeg ass den Hong chi aus Taiwan op Seoul komm. 
Ech haat hien am Abrell kennengeleiert an mir hun eis remgesin. 

Hien ass een DJ an och Dänzer an schafft bei Challenge vum Choco. 


am Hong Chi bei dem koreaneschen BBQ, Mir allenzwee hun dat sou gären.




1. Dezember, war Mapo Session. 
Den Ufank huet Funky 5 gemaach. Een anert bekannt Gesiicht ass opgedaucht. 
Deen ganz rietsen ass den Seung hyun, deen d''leschte Kéier op Letzebuerg komm ass. 




Den Hong chi huet do och matgemaach. 
Dohannen hun ech sou vill bekannt Leit remgetraff . 
Eng wirklech flott Zeit :)


Den 2.12 war dem Hong Chi sein leschten Daag an mir sin eppes drenken gaangen. Hien huet mir ugebuedem op Taiwan ze kommen, den Fluch dauert nemmen 2h30min an ass em 300€. Dohannen giff hien sech bei mir revancheieren, well ech him dest Keier vill gehollef hun. Natirlech giff ech dat gären maachen, mee zeitméisseg geet dat leider dest Joer net. 
Villeicht an der Zukunft irgendswann gin ech op Taiwan. 



Airbnb : Seokyo-dong

1. Dezember 2013

Den 1. Dezember , op engem Sonndes, sin ech an een anert Zemmer geplennert.

Ech hun déi Wunneng iwwert Airbnb och fonnt.

Ech haat um 10 Auer moies RDV mat der Madame.

Si ass Professeur op enger Uni an hieren Jong studéiert op der Stanford University.

D'Wunneng ass dem Jong seng, mee well hien am moment net hei ass, verlount si d'Zemmer weider.


D'Wunneng op den éischten Bleck


Vun dem aneren Eck vun der Wunneng


Buedzemmer ass kleng mee proper, dat neideschst ass dran: Bueddicher, WC papeier, Shampoo an Bodywash, Seef, Föhn.



D'madame huet mir Kimchi gemaach. 
an puer Saachen akaaft fir z'iessen


nei Téitassen huet si och kaaft
sin déi net süss?




an alles wat ee brauch, toaster, wasserkocher, reiskocher, teekocher, kaffi, téi, zocker, 

ech sin frou des Wunneng ze hun.

Si leit nemmen 2min vun der Metrostatioun eweg, 1min davunner ass een klengen Buttek mat Iessen, Gedenks, Snacks etc. 
an ronderem leien lauter Restaurants, wann mein Honger dann méi grouss ass fir nemmen eng Schmier ze iessen. 

2Min davunner ass och eng "Bäckerei". Ech gin do emmer meng Baguette sichen, mee si baacken Baguetten réischt ab 12 Auer mettes. Well Koreaner fir Kaffi ze drenken keng Baguetten iessen. 
D'Verkeeferin kennt mech schon an laacht emmer wann ech kommen fir entweder Baguette oder Gromperenbrout sichen ze kommen. Klengt e bessi komesch, mee ass awer net sou schlecht. 

Ech kéint mir hei virstellen de Rescht vun dem Trip hei an deser Wunneng ze wunnen, mee ech plenneren an 2 Wochen an een aneren Véirel vun Seoul deen Gangnam-gu heescht. 
Fir mam Bo zesummen ze wunnen. 

zu Cheonan

28 an 29 November 2013
C

Ech sin 2 Deeg op Cheonan gefuer fir bei den Bo ze goen. 
Hei ass d'Vue vun menger Wunneng fir eng Nuecht. 
Ech hun déi Wunneng iwwert airbnb.de fonnt. 
19€ pro Nuecht. 
Super Preis.




D'Wunneng huet eng kleng Kitchinette gehaat mat puer Saachen dran. Mee net fir ze kachen. Et war och neischt gebotzt an ech wéilt och léiwer do neischt kachen, well ech zimlech secher war dass et net proper war. 


D'Buedzemmer huet op den éischten Bleck gudd augesin, mee wéi ech méi no gekuckt hun, waren vill Flecken an Knascht an der Buedbidden oder am Lavabo. Et war Shampoo Seef do, mee ech hun dat net geholl.



D'entrée vun der Wunneng



Bett mat kengem Kessen. 

Fazit: For 19€ Nuecht war et an der reih, mee fir méi laang do ze wunnen, giff ech net maachen. Et leit 15min vum Zentrum eweg an 40min wann een mam Bus fiert. Cheonan Bussen brauchen ganz laang fir Punkt A op Punkt B ze kommen. 


Ech haat dem Bo eng Schank matbruecht an déi huet hien innerhalb vun 10min giess...



No langem Spillen an ronderm Rolzen, war hien midd an ass ageschloof..



Den Bo op senger bloer Decken... 


Et sin nach 16 Deeg bis den Bo op Seoul kennt an dann mussen mir bis den 7.Februar warden.
An dann kann ech den Fluchticket buchen fir op Frankfurt.