Haut sin ech fir déi leschte Keier geplennert.
Ech sin vun Hapjeong op Nonhyeon geplennert. dat leit op der anerer Seit vum Han Floss. 30min mam Taxi an 45 min mam Metro.
Nonhyeon leit an dem Gangnam Véirel, an engem méi chicen Quartier.
Obwuel den Quartier chic ass, ass meng kleng Wunneng et net. Ech hun eng kleng Einzimmerwunneng fonnt wou ech mam Muppi kann wunnen.
Et huet alles wat ech brauch: eng kleng Kitchinette ( vun der Hygiene schwetzen mir lo net ;) , mat puer Deppen an Paanen, Geschier, eng Taas, Glieser, Schneidebried, ee Frigo, een Pult mat engem Sessel, ee Bett mat Bettgedecks, ee Gestellt fir Kleeder opzehenken ( dat ass ganz normal, sou eppes hei ze hun, kascht net deier an jiddfereen gesait wats du am "kleederschaaf" hues. ) Net menges, mee ech sin jo nemmen kuerzfristeg hei., e klengt Buedzemmer mat Dusch.
Buedzemmer nie a Korea gehetzt!
et gett och keng Heizung dran oder eng Buedenheizung.
An mengem Zemmer gett et durch d'Buedenheizung gehetzt, si hun keng Heizkierperen wei mir.
Et gett och keng Rideau oder Rollued. Gott sei dank ass d'Fenster gerillt dann gesait een net direkt eran. Mee e bessi onsecher sin ech awer, wann ech mech muss undoen.
D'Zemmer huet eben nemmen Basen , an fir de Rescht muss ech alles kaafen goen,
Een Daiso gett et och ganz no bei der Wunneng oder een 7 11.
Dem Beau sein Bett ass och prett gemaach an hun Fudderdeppercher kaaft fir 1 € Steck, & Fudder Royal Canine fir 50€ / 10kg Paack.
Ech kaafen nemmen dat Beschten Fudder, well ech koreaneschem Fudder oder Leckerlien net trauen, ech wees net wat dran ass an d'Koreaner sin schon gelungener wann et em "Hausdeieren " geet.
Henn-kultur ass ganz komesch an gewöhnungbedürfteg a Korea! Ech hun déi europäesch Art & weis leiwer wei een en Hond behandelt oder winnt.
Et sin zimlech vill Leit dei hun een Hond ( een klengen Hond deen an Posch passt oder eng Kaatz ). D'Koreaner gin NIE mat hieren Henn eraus, dat hun ech réischt dest Joer geléiert!
Ech hun mech gewonnert firwat een baal nie Henn dobaussen gesait. an firwat d'Leit sou komesch op mech reageiert hun, wann ech mam Muppi eraus well goen.
Also, d'Koreaner wunnen jo an kleng Wunnengen, dei meescht an enger Einzimmerwunneng.
De Muppi ass den ganz daag alleng, well si gin jo schaffen an wou mescht den Muppi Pipi oder Kaka..
Si maachen op speziel saugfäheg Dicher, déi normalerweis fir Welpen benotzt gin.
Déi meechten Henn sin net gewinnt ze treppelen an dofir mussen si oft an den Hondbeauty salon goen fir hier Neel geschnidden ze kreien, well déi meeschten Henn mol nach nie op Beton spazeiert sin.
Verschidden Koreaner waren mega schockeiert wei ech gesoot hun dass ech mind.4 x mam Beau eraus gin fir dass hien sein Geschäft kann maachen. Ech hun si net verstanen an si mech net.
Elo wou ech et wees, fannen ech et wirklech egal waat vun hinnen, firwat si dann iwwerhaapt een Hond hun.
Henn hei sin fir si Accessoiren an net Déieren.
Déi meeschten gin och einfach an Deirenasyl gedroen wann d'Deierchen net mei flott ass oder aal.
Deierenasyler hei sin awer aneschtes wei bei eis. Hei gin et Asyler wou se doudgemaach gin. D.h. innerhalb vun der 1. Woch , wann den Hond net adopteiert gett, gett et an ee Käfeg mat aneren 5-10 Henn drangequätscht, wou en souwieso sech net mei bewegen kann an dann gett hien doudgemach. Ech well lo net erzielen wei si dat maachen, well dat ass nemmen Tierquälerei.
Mein Muppi den BEAU erliewt sou eppes NIEMOLS!
Hien wunnt mat mir bis mir den 9.Februar 2014 op Frankfurt fleien , dann op Letzebuerg fueren an dann bleiwt hien fir sein ganz Liewen bei mir doheem!
Ech free mech dass ech hien muer ( 22.12 ) sichen gin.
Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen