Casa Bona Deel 2

28. September 2010

Ech haat schon seit laangem Loscht op ee gudden Steak.
Wéi ech déi läschte Kéier am Casa Bona war, haat ech gesin, dass si och Steaks hun.
Ech hun des Kéier am Restaurant giess, an hun och d' Besetzerin vum Restaurant kennen geleiert.
Hiren Numm ass Bona, dofir heescht den Restaurant och Casa Bona.
Sie huet italienesch Kachen zu Seoul geleiert an huet nodeem ee Restaurant opgemaach.

Op der Kaart hun si nemmen 2 Steaks, well si op Pasta & Pizza spezialiséiert sin.

2 Stécker Filet mat knackegem Geméis an enger schéiner Dekoratioun

D'Bona huet mir eng gratis Mousse au Chocolat wollten gin.
An ee gratis Expresso.

Den Service war super , d'Chefin war ganz fein, an ech gin bestemmt nach eng Kéier dohin.

Welpen ze verkaafen

24. September 2010

Op den Stroosen kritt een kleng Kaatzen, Welpen, an Jippelcher ze kaafen.
Haut den Owend geint 23h hun ech ee klengen Stand gesin, wou den Mann 6 Welpen verkeeft.
1 Hond kascht nemmen 40€ emgerechent.
natirlech ouni Papeieren oder Impfungen. well et ass illegal, Déieren op der Stroos ze verkaafen.

즐거운 추석을 보내세요 ( Happy Chuseok )

vun Visitkorea.or.kr

Chuseok ist einer der wichtigsten Feiertage Koreas. Familien und Freunde kommen zusammen, um gemeinsam zu essen und miteinander Zeit zu verbringen, während man den Vorfahren für die reiche Ernte dankt. Dieses Jahr fällt Chuseok auf den 22. September des Sonnenkalenders. Das Fest wird drei Tage andauern und zwar vom 21. bis zum 23. September. Es bietet eine hervorragende Gelegenheit für ausländische Besucher, koreanische Städte ohne die übliche Hektik und den Trubel zu besuchen und die koreanische Kultur kennenzulernen, während der Großteil der Koreaner die Verwandtschaft außerhalb der Städte besucht.


dofir: 즐거운 추석을 보내세요
Happy Chuseok!

Lost in Seoul

d'Holly an ech hun eis owes speit zu Seoul verlaaf.
an hun dei Foto gemaach ^_^

irgendswou a Seoul.....

Nees zu Sinchon ukomm, luch irgend een Typ einfach op der Stroos an huet geschloof.
Ech hun eng Foto vun him gemaach, mee sein Kolleg ass roosen bei mech komm an wollt mein Handy!!
Koreaner leien oft sou op der Stroos fir ze schloofen....

Casa Bona - Italieneschen Restaurant

17. September 2010

Virun 1 Mount huet een neien italieneschen Restaurant opgemaach.
Haut sin ech mol do luusen gaangen. Dekoratioun ass ganz europäesch. Et ass ee klengen Restaurant mat enger oppener Kichen an engem Steenuewen!!
Garçons schwetzen och Englesch, waat mech iwwerrascht huet.
d'Preiser sin méi belleg wéi bei eis zu Letzebuerg.

Ennerscheed zweschen Trattoria & Casa Bona , 2 italienesch Restaurants zu Sinchon.

Trattoria

1.Trattoria Praiser sin vill méi belleg wei den Casa Bona.
2. Pizzaen sin guer net gudd, den Deeg ass gro. net gewürzt. et wees en net wat een esst.
3. Pasta sin gudd, mee et sin wirklech ganz kleng Portiounen, éischter wéi eng Kannerportioun.
4. Dekoratioun ass naja... op den eischten Bléck gesait et ganz gudd aus. mee wann een am Restaurant esst, gesait een , dass et net ganz proper ass. Si hun roud Kessen an Plüschdéieren op den Still oder Bänken. Op den Kessen gesait een Flecken an Plüschdeieren sin net méi flauscheg an si sin stepseg.
5. Garçons schwetzen nemmen Koreanesch. Och wann et "Spagetti Carbonara"heescht, muss een dat mat engem koreaneschen Accent ausschwetzen, dass si et verstin.

Casa Bona

1. Praiser sin méi deier wei am Trattoria.
2. Pizza gin an engem Steenuewen gemaach. Pizza gin vun engem richtegen Pizzameeschter gemaach. Kichen ass eng open Kichen.
3. Pasta Portiounen sin mei grouss wei am Trattoria.
4. Dekoratioun ass schéin. wéi an europäeschen Restaurants. Si hun net sou ee schnickschnack op den Bänken oder Still leien,wei am aneren Restaurant. Den Buedem an Ecker sin proper.
5.Garçons verstin an schwetzen Englesch.
6. Bei den Pizza kritt een eng lecker Zalot dabei.



Calzone

Zalot, déi dabei ass...

Spagetti Carbonara







Metzler Christian Meilinger , Itaewon




Den 14. September 2010

Eng Frendin aus Australien huet mir gesoot, dass et een gudden europäeschen Metzler zu Itaewon gett. Itaewon ass déi Géigend, wou d'amerikanesch Zaldoten sin. d.h. et ass een Wunnvéirel fir Auslänner. Et gesait een net vill Koreaner. d'Leit do, schwetzen Englesch oder irgendeng aner Sprooch, ausser Koreanesch.

Haut sin ech bei den Metzler Meilinger gaangen. Hien kennt aus Eistereisch an huet mat senger koreanescher Fra eng kleng Metzlerei + ee Restaurant opgemaach. Hien ass zimlech bekannt an huet och wirklech gudd Saachen. Ech sin an de Restaurant mettes iessen gaangen. Si hun eng Auswiel vun 2 Seiten + gudden europäeschen Béier! Ech haat mir een "Jägerschnitzel mit Spätzle" bestallt !! Fir 7 € , dat ass jo nach een normalen Preis. Et huet ongefeier 10Minuten gedauert, bis ech den Schnitzel krut. WOW!!! Deen war grous!!! Ech hun en mol net gepackt!
Een Jägerschnitzel mat Spätzle . Zoss steet nierwend drun.


De Rescht Schnitzel hun si mir agepackt, dass ech en doheem iessen kann.

Dann hun ech mir nach Fleesch aus der Metzlerei kaaft.

charcuterie

E Steck Zocisse!

E Steck Lierwerwurscht

Mettwurschten

ee Kéiseck haaten si och, dann nach ee klengt Steckchen Brie








Dunkin' Donuts Korea

Bei Dunkin Donuts huet een eng grouss Auswiel vun Donuts an Gedrenks.

Donuts & d'Banane waren nemmen mat Zocker iwerzunn, an d'Herz war mat 2 allerlee Pudding dran.


Een Paack vun Holzem



Den 12. September 2010

déi koreanesch Post schafft och Sonndes, well den Post Mann ass moies um 10h schellen komm, fir mir ee gielen Paack ze gin.
Mat Begeeschterung hun ech den Paack opgemaach:

1 grouss Tut Nougat , 1 grouss Tut Ness an 3 kleng Plüschdéieren.
an nach eng besonneg Kaart !!!

Merci!!!

ech loosen mir Tuuten vun der Fouer gudd schmaachen!!

연고전 Yonsei vs Korea Sport Eventer



연고전 ass de Festival zweschen 2 grouss bekannten Universitéiten :연 = 연세대학교 Yonsei,
고 = 고려대학교 Korea.



Déi 2 Unien moosen sech an den Sportarten , wéen deen besseren ass. Baseball, Fussball, Basketball an och zweschen hiren Street dance Teams. Fir Yonsei ass dat HARIE , Fir Korea ass dat KUDT ( Korea University Dance Team ).

Haut um 11. September ass d' Battle zweschen den Danzteams.
Seit 1 Mount traineieren Harie 3 Stonnen pro Daag hier Choreographien.
Haut ass vun 13h-16h nach emol Rehearsal vun all den Shows. An Harie sin keng professionell Dänzer, et sin Studenten déi Danzen gären hun. d'Choreographien vun den Optretter hun Studenten selwer erfonnt! An déi sin richteg gudd!

De Programme vun den Owend :

1. Performance Battle

* Korea Univ. Freshmen vs Yonsei Univ. Freshman

* UDF Hip Hop & Girlz Hip Hop vs OMG Hip Hop & Poppin

* Korea Univ. Hip Hop vs Harie Hip Hop

* Korea Univ. Waacking ( Freshmen) vs Harie Waacking ( Freshmen)

* Korea Univ. Girlz vs Harie Girlz

* Korea Univ. House vs Harie House

* UDF 올장르 Korea Univ. Poppin vs Harie Poppin

* Korea Univ. Waacking ( Seniors ) vs Harie Waacking ( Seniors )

* Korea Univ. B-Boys

Mir, Yonsei breakerz, hun keng Show virbereed.


2. Freestyle battle


mat all den Dänzer

Couple T-Shirts

Couple T-Shirts gin et wahrscheinlech nemmen an Asien.
Ech kann mir net virstellen, dass Kopplen zu Letzebuerg oder Europa mat denen Saachen ronderem rennen.
Et gin extra Geschäfter fir Kopplen. Do kritt een den nemlechten Design fir Männlein & Weiblein. Vun Ennerwesch bis T-Shirt, Jacketen etc.

본죽 Korean Traditional Porridge Restaurant





3. August 2010

Well ech haut bei den Zänndokter gaangen sin, kann ech neischt knaen, dofir sin ech mir traditionellen Brei sichen gaangen.
En ass ganz gesond.

본죽 Bon Juk heescht den Restaurant, wou ech mir Sweet Pumpkin Porridge sichen gaangen sin.
( Séissen Kürbisbrei fir 4,60€)

Et ass sou vill Brei, dass ech en och nach owes kann iessen :)

"I want to go home"

I Want To Go Home
I want to go home
And, have my parents
Shower me with kisses
Tender, but strong hugs
And, look into their eyes
Feeling safe, as their child.
I want to go home
And, sit with them
At their dinner table
And, enjoy my mother’s
Home cooked meals
And, Dad’s story telling.
I want to go home
And, hold their hands
Sit together with them
In a peaceful silence
As they watch their
Favorite television program.
I want to go home
And, take care of them again
Holding them in my arms
Kissing their faces
And, never letting go.
I miss you – Mom and Dad.

Deborah Ann Tornillo
Copyright© 2009

Paris Baguette




Paris baguette branch

Ech gin mir régelméisseg Baguetten, Bréidercher, Metschen, oder Sandwicher dohinner sichen.
Et ass net mat enger letzebuergescher Bäckerei ze vergleichen, mee besser wéi neischt.
Ausser Baguetten , an Schokolastwist schmacht alles aneschtes wei doheem oder a Parais, obwuel de Numm jo awer Paris ass ..

Paris Baguette oder Paris Croissant sin ganz populär a Seoul, et sin emmer vill Leit do déi entweder eppes do kaafen oder een Café drenken.

Fir Moies Iessen gin ech mir meeschtens eng Metsch oder ee Bréidchen sichen , oder ee "Morning Sandwich fir 2, 500won ( 1,60€ )


1/2 vun mengem Morning Sandwich Mat enger Tranche Hâm , enger Tranche Kéis an engem Spiegelee. Lecker!!

Paris Baguette ass och fir hir Kuchen bekannt.

d'Foto ass aus dem Internet, net vun mir




Fresh Cream Cake 15,000won ( 9 € )
Sou gesait de Kuch vun bannen aus, ganz vill Crème a bessi loftegen Deeg, am Deeg sin Uebststecker.

eng Kalorienbomm!!



Eng komesch Pizza

Deen italieneschen Restaurant an mengem Gebei huet och Pizzaen, mee leider sin déi net immens gudd an gesin och net grad lecker aus.
Den Deeg ass gro, gesait aus wéi wann et verschimmelt wier, mee ass et net. Villeicht benotzt de Kach nemmen een anert Miel.


Funghi Pizza fir 7,500won
4,80 €

d'Pizza war och net gewürzt, huet no guer neischt geschmacht.