Casa Bona - Italieneschen Restaurant

17. September 2010

Virun 1 Mount huet een neien italieneschen Restaurant opgemaach.
Haut sin ech mol do luusen gaangen. Dekoratioun ass ganz europäesch. Et ass ee klengen Restaurant mat enger oppener Kichen an engem Steenuewen!!
Garçons schwetzen och Englesch, waat mech iwwerrascht huet.
d'Preiser sin méi belleg wéi bei eis zu Letzebuerg.

Ennerscheed zweschen Trattoria & Casa Bona , 2 italienesch Restaurants zu Sinchon.

Trattoria

1.Trattoria Praiser sin vill méi belleg wei den Casa Bona.
2. Pizzaen sin guer net gudd, den Deeg ass gro. net gewürzt. et wees en net wat een esst.
3. Pasta sin gudd, mee et sin wirklech ganz kleng Portiounen, éischter wéi eng Kannerportioun.
4. Dekoratioun ass naja... op den eischten Bléck gesait et ganz gudd aus. mee wann een am Restaurant esst, gesait een , dass et net ganz proper ass. Si hun roud Kessen an Plüschdéieren op den Still oder Bänken. Op den Kessen gesait een Flecken an Plüschdeieren sin net méi flauscheg an si sin stepseg.
5. Garçons schwetzen nemmen Koreanesch. Och wann et "Spagetti Carbonara"heescht, muss een dat mat engem koreaneschen Accent ausschwetzen, dass si et verstin.

Casa Bona

1. Praiser sin méi deier wei am Trattoria.
2. Pizza gin an engem Steenuewen gemaach. Pizza gin vun engem richtegen Pizzameeschter gemaach. Kichen ass eng open Kichen.
3. Pasta Portiounen sin mei grouss wei am Trattoria.
4. Dekoratioun ass schéin. wéi an europäeschen Restaurants. Si hun net sou ee schnickschnack op den Bänken oder Still leien,wei am aneren Restaurant. Den Buedem an Ecker sin proper.
5.Garçons verstin an schwetzen Englesch.
6. Bei den Pizza kritt een eng lecker Zalot dabei.



Calzone

Zalot, déi dabei ass...

Spagetti Carbonara







Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen