Metzler Christian Meilinger , Itaewon
Den 14. September 2010
Eng Frendin aus Australien huet mir gesoot, dass et een gudden europäeschen Metzler zu Itaewon gett. Itaewon ass déi Géigend, wou d'amerikanesch Zaldoten sin. d.h. et ass een Wunnvéirel fir Auslänner. Et gesait een net vill Koreaner. d'Leit do, schwetzen Englesch oder irgendeng aner Sprooch, ausser Koreanesch.
Haut sin ech bei den Metzler Meilinger gaangen. Hien kennt aus Eistereisch an huet mat senger koreanescher Fra eng kleng Metzlerei + ee Restaurant opgemaach. Hien ass zimlech bekannt an huet och wirklech gudd Saachen. Ech sin an de Restaurant mettes iessen gaangen. Si hun eng Auswiel vun 2 Seiten + gudden europäeschen Béier! Ech haat mir een "Jägerschnitzel mit Spätzle" bestallt !! Fir 7 € , dat ass jo nach een normalen Preis. Et huet ongefeier 10Minuten gedauert, bis ech den Schnitzel krut. WOW!!! Deen war grous!!! Ech hun en mol net gepackt!
Abonnieren
Kommentare zum Post (Atom)
Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen