Casa Bona Deel 2

28. September 2010

Ech haat schon seit laangem Loscht op ee gudden Steak.
Wéi ech déi läschte Kéier am Casa Bona war, haat ech gesin, dass si och Steaks hun.
Ech hun des Kéier am Restaurant giess, an hun och d' Besetzerin vum Restaurant kennen geleiert.
Hiren Numm ass Bona, dofir heescht den Restaurant och Casa Bona.
Sie huet italienesch Kachen zu Seoul geleiert an huet nodeem ee Restaurant opgemaach.

Op der Kaart hun si nemmen 2 Steaks, well si op Pasta & Pizza spezialiséiert sin.

2 Stécker Filet mat knackegem Geméis an enger schéiner Dekoratioun

D'Bona huet mir eng gratis Mousse au Chocolat wollten gin.
An ee gratis Expresso.

Den Service war super , d'Chefin war ganz fein, an ech gin bestemmt nach eng Kéier dohin.

Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen