Mein Zemmer zu Yeonhui-dong, August 2012




Während mengem Openthalt , hun ech an engem schéinen groussen Zemmer geschloof. 
Mat Kichen, Buedzemmer, Schief, etc, mee keen Bett. 
Schloofen op enger Matrasse, dei och bequem ass :)
Den Joon ass geplennert an hun sein Contrakt fir 1 Mount iwerholl. 
Et ass méi belleg gin, wéi wann ech an engem Hotel geschloof hätt. 

D'Gebei luch 15min vun der Hong Ik University statioun eweg, an 10min vun der Yonsei Uni. 
Déi Géigend hun ech gudd kannt, well ech 2010 oft do war. Et ass eng roueg Géigend, well vill Familjen do wunnen.
Et sin genuch kleng Geschäfter oder Restaurant do, wou een alles netzleches kritt. 
D'Gebei luch baal direkt bei der Haaptstroos, wat moies e bessi gestéiert huet, weinst dem Traffic an dem Getuuts. 

Wann een Probleme am Appartement war, krut ech dat direkt gefleckt. z.b Keen warmt Wasser. 


Ech kéint mir virstellen an sou engem Zemmer a Séoul ze wunnen. 





Iessen, Iessen, Iessen....




An den leschten Deeg hun ech nemmen Kollegen getraff, all Dänzer. Et ass zimlech rare, dass si all komm sin. Well si sou vill um Programme hun. Si sooten, si haetten sech extra Zeit fir mech geholl fir zesummen iessen ze goen ^^ Ganz leif vun hinnen.


All you can Eat zu Hongdae mam Moon Woo. 
Hien war vum 9.8 bis 18.8 a Canada an mir hun eis virun kuerzem eremgesin :)
10,900won fir All you can eat ! 




dem Florian sein Baby

21 August 2012

Ech hun den Florian aus Frankreich a Korea remgesin. Hien war virun 2 Wochen op Gyeongju komm fir senger Frendin sengen Eltren ze hellefen. Hien ass d lescht Joer Papp gin an wollt seng Schweierelteren kennenleiren. Hien huet hinnen all Daag am Restaurant gehollef. 
Sein Meedchen heescht Yiu an ass Zockerseiss! 


D´Yiu ass d´lescht Joer am November op Welt komm an ass schon gudd gewues. An et ass gudd ernährt, wei een op der Foto gesait. 
Den Owend war et wibbeleg an huet sech emmer bemierkbar gemaach, dass et och do war. Hatt huet net gekrasch, et huet alles an den Mond, alles ugepackt.
d Yui huet jiddferengem gelaacht! 

De Florian hun ech 2010 a Korea kennengeleiert, hien huet och op der Yonsei Koreanesch studeiert an hien huet direkt nierwend mir gewunnt. 
No 2 Joer hun mir eis endlech rem gesin , an et war ee wirklech flotten Owend. 




Japanescht Iessen


19 August 2012

Um Sonndeg hun ech mech mam Martin nach eng Kéier getraff fir zesummen Mettes iessen ze goen. Mir sin an ee Japaneschen Restaurant zu Daehangro gaangen. 
Hei puer Fotoen vum Iessen an  Gedrénks waat mir haaten....






Grengen Tei mam Rouden Bounen



Pink Lemonade
mam Hot ddeok * et ass KEEN HOT DOG * 

Mam Misook zu Kangnam

18 August 




Haut hun ech een Meedchen getraff, wat vill KPOP Danzvideoen an den Internet gesaat huet. Ech sin zoufälleg op seng Internetseit gestouss, an hun mech dunn mat him getraff. 
Mir sin zesummen op een Danzevent gaangen an waren zesummen op Kangnam gefuer, fir leckert Jeju Schwein z iessen. 
Anscheinend ass d Schwengefleesch vun Jeju am beschten. Bescht Qualiteit! 
Fazit: Et war wirklech ganz lecker. 
D´Cola an 2 Schosselen Reis waren gratis. Firwat wees ech zwar net. Mee ech soen mir einfach, well mir sou zockerseiss waren. 


Paju - mein Gebuertsort

13. an  14. August 2012

Um 13 Auer haat ech RDV mam Choi Wonbok bei der Daehwa station, dei lescht Statioun mam Metro vun Seoul. Vun Yeonhui-dong bis Daehwa huet et 1h30min gedauert. Hien ass mech mam Auto sichen komm an mir sin heem bei hien gefuer.
Hien wunnt an enger Residence zu Paju, 13. Stack, grousst Appartement mat 2 Buedzemmeren, 2 Schlofkummeren, 1 groussen Living, 2 Bueros, Eng oppen Kichen, Terasse. 

 
Vue vum Appartement ass schein, vill grenges. D Appartementer gesin all nemlecht aus, huet hien mir erklaert.





 Paju leit 1h vun Seoul eweg an den Loyer wier mei belleg, dofir giffen vill Lei ausserhalb wunnen, an dann mam Auto op Seoul fueren.
Vun Beruff ass hien Schoulmeeschter an der Middle School.Seng Fra ass och Joffer, seng Schweierelteren waren och Educatiounsbereich, De Brudder vun sengr Fra ass och Schoulmeeschter. Eng Famill nemmen aus Schoulmeeschteren & Jofferen.
Hien huet een klengen Jong, deen 13 Meint aal ass. Hien ass sou leif.

Men Ziel zu Paju war et, mein Gebuertsort kucken ze kommen.
Paju leit direkt bei Nordkorea an et sin vill Militaerbasen ronderem. Hei ass Stemmung aneschtes wei an der Haaptstaat.
Net negativ, mee et gesait een dass een ausserhalb vun Seoul ass.

D Famill wou ech Homestay maachen, huet mech leif empfangen an mir sin vill Attractiounen kucken gaangen.

Owes hun mir traditionell koreanesch giess, waat ech nach nie giess haat. Et war wirklech Lecker!! 


Verschidden Attraktiounen zu Paju!


Yong mi-ri Standing Buddha



Hyeri Art Village


Ddalki ( Aerbier )


Deen huet ee KAKA um Kapp!


Oje, wat maachen ech dann do?? 







3. Daag zu Seoul

Mam Martin 

den 11. August hun ech den Martin getraff, hien  haat ech lescht Joer am Studio41st kennengeléiert. Hien huet do als Manager geschafft. 
Mir waren op der schéiner Plaaz vum Cheonggyecheon, Jonggak, Gwanghwamun, City Hall.

Zesummen sin mir an den KTO gangen:


do konnt een Fotoen mat den KPOP Saenger man, hei mat 2NE1.

No der Visite sin mir nach lecker iessen gaangen, bei d'Bulgogi Brothers zu Jonggak. 

Professionellen Service, leckert Iessen, an 1 Gratis Gedrenks. 
Merci, Martin! fir déen schéinen Daag!!



2. Daag zu Seoul

10. August 2012

No enger schlechter Nuecht hun ech missten Saachen erleedegen.
No 5 Stonnen, sin ech geschlaucht heem gaangen an hun bessi gerascht.
Owes stung eng Visite guidée um Programme mat engem fraiwellegen Guide vun dem KTO.

RDV war um 18h30 zu Anguk Station fir dass mir dat traditionellt Duerf kucken gin.
Mein Guide huet fléissend Englesch geschwaat.
Sein Numm ass Sangsun Park (Sunny), hien ass bestuet an wunnt zu Incheon. dat leit em 1 stonn eweg vun Seoul.
Mir sin och nach den Buddisteschen Tempel besichen gaangen: Jogyesa Tempel
Hien huet mir vill erklaert an war ganz zefridden mat him. Villeicht treffen mir eis nach emol, an dann schwetzen mir op Koreanesch.

Bukchon Hanok Village