dem Florian sein Baby

21 August 2012

Ech hun den Florian aus Frankreich a Korea remgesin. Hien war virun 2 Wochen op Gyeongju komm fir senger Frendin sengen Eltren ze hellefen. Hien ass d lescht Joer Papp gin an wollt seng Schweierelteren kennenleiren. Hien huet hinnen all Daag am Restaurant gehollef. 
Sein Meedchen heescht Yiu an ass Zockerseiss! 


D´Yiu ass d´lescht Joer am November op Welt komm an ass schon gudd gewues. An et ass gudd ernährt, wei een op der Foto gesait. 
Den Owend war et wibbeleg an huet sech emmer bemierkbar gemaach, dass et och do war. Hatt huet net gekrasch, et huet alles an den Mond, alles ugepackt.
d Yui huet jiddferengem gelaacht! 

De Florian hun ech 2010 a Korea kennengeleiert, hien huet och op der Yonsei Koreanesch studeiert an hien huet direkt nierwend mir gewunnt. 
No 2 Joer hun mir eis endlech rem gesin , an et war ee wirklech flotten Owend. 




Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen