Mein Zemmer zu Yeonhui-dong, August 2012




Während mengem Openthalt , hun ech an engem schéinen groussen Zemmer geschloof. 
Mat Kichen, Buedzemmer, Schief, etc, mee keen Bett. 
Schloofen op enger Matrasse, dei och bequem ass :)
Den Joon ass geplennert an hun sein Contrakt fir 1 Mount iwerholl. 
Et ass méi belleg gin, wéi wann ech an engem Hotel geschloof hätt. 

D'Gebei luch 15min vun der Hong Ik University statioun eweg, an 10min vun der Yonsei Uni. 
Déi Géigend hun ech gudd kannt, well ech 2010 oft do war. Et ass eng roueg Géigend, well vill Familjen do wunnen.
Et sin genuch kleng Geschäfter oder Restaurant do, wou een alles netzleches kritt. 
D'Gebei luch baal direkt bei der Haaptstroos, wat moies e bessi gestéiert huet, weinst dem Traffic an dem Getuuts. 

Wann een Probleme am Appartement war, krut ech dat direkt gefleckt. z.b Keen warmt Wasser. 


Ech kéint mir virstellen an sou engem Zemmer a Séoul ze wunnen. 





Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen