Paju - mein Gebuertsort

13. an  14. August 2012

Um 13 Auer haat ech RDV mam Choi Wonbok bei der Daehwa station, dei lescht Statioun mam Metro vun Seoul. Vun Yeonhui-dong bis Daehwa huet et 1h30min gedauert. Hien ass mech mam Auto sichen komm an mir sin heem bei hien gefuer.
Hien wunnt an enger Residence zu Paju, 13. Stack, grousst Appartement mat 2 Buedzemmeren, 2 Schlofkummeren, 1 groussen Living, 2 Bueros, Eng oppen Kichen, Terasse. 

 
Vue vum Appartement ass schein, vill grenges. D Appartementer gesin all nemlecht aus, huet hien mir erklaert.





 Paju leit 1h vun Seoul eweg an den Loyer wier mei belleg, dofir giffen vill Lei ausserhalb wunnen, an dann mam Auto op Seoul fueren.
Vun Beruff ass hien Schoulmeeschter an der Middle School.Seng Fra ass och Joffer, seng Schweierelteren waren och Educatiounsbereich, De Brudder vun sengr Fra ass och Schoulmeeschter. Eng Famill nemmen aus Schoulmeeschteren & Jofferen.
Hien huet een klengen Jong, deen 13 Meint aal ass. Hien ass sou leif.

Men Ziel zu Paju war et, mein Gebuertsort kucken ze kommen.
Paju leit direkt bei Nordkorea an et sin vill Militaerbasen ronderem. Hei ass Stemmung aneschtes wei an der Haaptstaat.
Net negativ, mee et gesait een dass een ausserhalb vun Seoul ass.

D Famill wou ech Homestay maachen, huet mech leif empfangen an mir sin vill Attractiounen kucken gaangen.

Owes hun mir traditionell koreanesch giess, waat ech nach nie giess haat. Et war wirklech Lecker!! 


Verschidden Attraktiounen zu Paju!


Yong mi-ri Standing Buddha



Hyeri Art Village


Ddalki ( Aerbier )


Deen huet ee KAKA um Kapp!


Oje, wat maachen ech dann do?? 







Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen