No enger schlechter Nuecht hun ech missten Saachen erleedegen.
No 5 Stonnen, sin ech geschlaucht heem gaangen an hun bessi gerascht.
Owes stung eng Visite guidée um Programme mat engem fraiwellegen Guide vun dem KTO.
RDV war um 18h30 zu Anguk Station fir dass mir dat traditionellt Duerf kucken gin.
Mein Guide huet fléissend Englesch geschwaat.
Sein Numm ass Sangsun Park (Sunny), hien ass bestuet an wunnt zu Incheon. dat leit em 1 stonn eweg vun Seoul.
Mir sin och nach den Buddisteschen Tempel besichen gaangen: Jogyesa Tempel
Hien huet mir vill erklaert an war ganz zefridden mat him. Villeicht treffen mir eis nach emol, an dann schwetzen mir op Koreanesch.
Bukchon Hanok Village
Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen