D-9

Endlech sin mir Enn Januar, dat heescht nach 9 Deeg bis mir op Frankfurt fléien.

Ech kann et kaum erwarden fir mam Beau heem op Letzebuerg. 

Et ass zwar nach ee laangen Wee bis dohinner. 

12 Stonnen Fluch vun Incheon op Frankfurt. Owes um 19h , europäescher Zeit kommen mir do un. 
An dann geet et mam Auto weider op Lëtzebuerg. 



Happy Seollal !!

Alles Guddes am Mondjoer!

Haut ass dat neit Joër vum Mondjoer. 
Et ass d'Joër vum Pärd. 

Et sin Feierdeeg an ganz Korea, d.h. baal alles ass zou, wat bessi komesch ass. 
Déi 24h Restaurants sin fir ee puer Deeg zou, nemmen puer Caféen an Mc Donalds oder Burger King sin op. 

Bussen an Métroen fueren mee net oft an et sin och net sou vill Taxien ennerwee. 

Eng gudd Woch virun den Feierdeeg war een Andrang an den Supermarchéen, Dausenden Koreaner sin akaafen gaangen an hun Geschenker bei d'Famill gescheckt. 
Honnerten Päck luchen virun der Post sortéiert, dat meescht ass Uebst gewiercht. 

Um Neijorsdaag hei, din d'Koreaner hier Truecht un an gin bei d'Famill. Wann een mam KTX oder mam Zuch well ausserhalb vun Seoul fueren an et huet een keng Reservatioun gemaach, dann setzt een a Seoul fest, well et kennt een neierens hin. 

Ech muss mir keng Suergen maachen. Ech bleiwen hei. 

Geschter huet meng Frendin mir koreanescht Iessen laanschtbruecht, wat hatt fir seng Famill gemaach huet. 
Hatt ass och Mamm an dofir huet hatt mir Iessen bruecht. 

Dat ass ganz leif vun him. 


**************************************************************************************************

D-12

29. Januar 2014

Um 7h45 opgestaanen, ech haat eng net sou gudd Nuecht. 
Well ech misst um Buedem schloofen. 
ech sin dat net gewinnt an et ass bemol bessi ze haart fir mein Reck gin. 
Den Beau huet direkt nierwend mir geschloof, mee net op der Matrasse :) 

Mir sin um 9h aus dem Haus gaangen. 
Och nees laanscht den Floss. 







Mir sin laanscht puer Brecken getreppelt an hun demie-tour gemaach fir dann Richtung YG Entertainment ze treppelen. 


YG Entertainment ass een vun denen bekanntesten Musek Entertainments a Korea. 
Do fänken d'Koreaner vun jonkem Alter un, sin nemmen Trainees an hieren Alldaa besteet nemmen aus Sangen, Danzen, Schauspilleren etc, alles fir nemmen heno ee Superstar ze gin. 

Wéi ech mam Beau laanscht getreppelt sin, sutzen Fans girls vis à vis fir ze warden wann irgendswann een Sänger eraus kennt. 

Mir sin awer weider getreppelt an sin Richtung Hongdae getreppelt fir an den Hondscafe ze goen. 
Do ukomm war deen awer zou. Am Internet stung dass en um 10h opmescht, mee d'Auerzeit huet geännert op 13h. 

Oh nee wat maan ech dann nach sou laang. et war réischt 11h30. 

Ech sin dunn bei ee Kolleg an sein Café gaangen, wou den Beau och dierft mat eran :) 


Ärdbier & Banane & Wasser am plaaz Mellech 



Den Beau huet bannen gepennt... 

Um 12h50 sin ech fort gaangen fir an den Hondscafe ze goen. 

Den Hondscafe heescht Sunnyne, do war ech emol am November ouni den Beau. 
Wéi ech eran komm sin, hun d'Henn all gebillt, et war ganz haart an den Beau huet den schwanz erangezunn an wollt net richteg eran. 
Den Mann vum Cafe ass komm an huet mech gefrot ob hien een Männchen oder Weibchen ass. 
Ech soot him et wier een Männchen an och kastréiert. Den Koreaner huet ouni mech ze froen oder mir ze soen wat hien well maachen, hien huet dem Beau zweschen Been gegraff an gefillt ob et wouer wier..

Komesch, Komesch, déi Koreaner! ;)

Dobannen ass den Beau vun all den Henn emzingelt gin beschnuppert. 
D'Leit vum cafe hun opgepasst dass keen vun hieren Henn aggressiv gett. Mee et besteet emmer e Risiko wann mir dohinner gin. 
Den Beau war ängschtlech an huet sech hannert meng Been verstoppt. 
Mee no enger Zeit ass et gaangen an hien huet déi kleng Henn ugekuckt fir mat hinnen ze spillen. Déi grouss hun hien net interesséiert, oder hien war ze schei fir dohinner ze goen. 


No enger Zeitchen ass et besser gaangen an hien huet och mat gréisseren Henn gespillt. 

Do war och nees déi Deitsch Dogg vun der leschte Kéier. 

Déi war sou grouss, dass den Kapp bei menger Broscht ukomm ass . Wann hien gesprongen wier, dann wier hien méi grouss gewiercht wei ech :) 
Mee den Hond haat vill Angscht. Hien haat Angscht virum Beau. 
Hien war awer ganz süss an hunn hien vill gedriwwelt. 
Mee hien huet sou vill gesabbert an ech wollt net dass dat un meng Kleeder kennt. 



No 45min ass den Beau mir emmer nogetreppelt an ech hun gemierkt, dass et Zeit wier fir eraus. 


Déi lescht 13 Deeg

28 Januar 2014

Ech sin amgaangen ze raumen an d'Valise ze paacken, den Beau kuckt mech un an leet sech nierwend d'Valise, dass ech hien net am Zemmer vergiessen :)

Ech préparéieren dem Beau seng Transportkescht , léen Pipi pads dran wann hien sech sollt iwwerginn an dann warden mir op den Hondstaxi.

Um 16h10 ass hien ukomm.
Den Mann ass ee Koreaner an déi 40 Joër an huet sech selwer den Numm "Hondstaxi" gin. Hien ass vun villen Auslänner recommandéiert gin an och vun engem Veterinär.

Hien war sou fein och meng Valise an mein Rucksaack mat ze huelen.

Den Beau huet den Mann gefaart an hien wollt net vun him ugepaackt gin.
Hien huet en och ugegrommelt an ech misst him den Mond zouhaalen fir dass den Mann den Beau an den Auto konnt setzen. Leider konnt ech net nierwend him setzen, an den Beau huet e bessi panikéiert.

( Ech man mir lo e bessi Suergen fir den 12 Stonnen Fluch ).

Bon, et huet eng gudd 40min gedauert bis mir zu Hapjeong waren. Ennerwee huet den Beau bemol keen Toun vun sech gin... Ech wosst net ob hien schléift oder ob hien kitzi mescht.

Wéi mir ukomm sin, hun ech gesin dass hien sech iwwerginn huet  :(

D'Lengt, Sein Petzi an seng Decken waren voll an och voll besuddelt, dass ech sein Peti & seng Decken eweggheit hunn. D'Lengt hun ech gewäsch. Ech haat gott sei dank nach eng Léngt hei kaaft :)

Den Beau huet ganz verschootert ausgesin, agefall an huet sech einfach net gudd gefillt, sou wéi wann et eis doudschlecht ass.

Dat éischt wat hien gemaach huet war eng grouss Mousel éier mir ran an d'Haus gaangen sin.

Dobannen hun ech hien proper gemaach an d'Zemmer préparéiert :)



Owes sin mam Beau laanscht den Han floss gaangen.
Eng wonnerschein Vue an vill Wiss :)



Samsteg Owend & eng Iwweraschung......

Samstes Owend hun ech mech mat Frendinnen an dem Typhoon zu Nonhyeon getraff, mir sin eppes zesummen drénken gaangen an d'Zinna huet alles bezuelt. 
Deen eelsten bezillt an Korea.. Och wann ech him wéilt mein Deel vum Iessen oder Gedrénks wéilt ginn, giff hatt dat mol net unhuelen. 

Also ee groussen Merci. 


Zinna, Vecky, ech an den Typhoon... 
mat eisem Béier an Wirschtercher an Süsskartoffeln... 

*******************************************************************************************************

Duerno ass den Typhoon heem gefuer, well hien nach ee weiten Wee fir heem huet. Hien wunnt ausserhalb vun Seoul an muss nach 1h30min fueren. 

Den Gyeonghoon ass nach kuerz bis laanscht komm an mir sin an ee Cafe een Téi drenken gaangen...
No enger gudder Stonn missten se all heem, well si soss een Taxi missten huelen an fir verschiddener giff et deier gin, well si och weit eweg wunnen. 

Wéi ech heem komm sin, hun ech den Beau héieren an der Wunneng ronderem ze goen. 
Ech hun Dier opgemaach an hien ass mech wei emmer bei Dier begréissen komm, mee dest Kéier hun ech hien net begréisst, nemlech vernannt! 
Hien huet mein Kessen mat den léiwen Hondsouren futti gemaach an den Schaum erausgefescht, deen luch ganz verstreet um Buedem. Hien ass den Kessen sichen gaangen an ass mir en stolz weisen komm. 
Amplaaz dass ech hien gelouft hun, hun ech hien vernannt, an hien huet och verstanen, dass hien eppes net gudd gemaach huet. Ech hun him den Kessen aus dem Mond geholl an hien gestroft. 
Hien huet sech op den Buedem geluecht an sech net méi gemuckst!!!! 
Mein schéinen Kessen vun Nici. Den Kessen huet elo nemmen nach een Ouer an ee grousst Lach! 

Hien war haut keen braven Hond. Den Metten huet hien ee Steck vun mengen Turnschlappen erofgerappt, wat net sou schlemm ass, well ech se souwiesou eweggeheien éier ech heem kommen. 

All Kéiers wann ech aus der Wunneng gin, leen ech all meng Saachen héich op den Schaaf oder op den Desch dass hien net drun kennt, mee desen Owend hun ech vergiess mein Kessen ze verstoppen. 

Muer um Sonnden traineieren ech mat him dass hien meng Saachen net dierf upaacken. 
Nodem dass ech hien gestroft hun, dass hien den Kessen net méi dierf upaacken, hun ech him de Kessen virun Nues geluecht fir ze kucken ob hien en hellt oder net. 
Hien huet sou onschelleg drangekuckt, mee ech sin net drop agaangen. 
Hien huet et net geholl. 



Oakwood Premier Hotel - Bistro Seoul

25. Januar 2014 

Oakwood Premier Hotel
Coex, Samsung
Bistro Seoul 

Fir d'Mettesiessen haat ech een Rdv mam Semyon senger Mamm, si ass fir puer Wochen a Korea, an si wollt mech gesinn :) 
Si huet een Dësch am Restaurant " Bistro Seoul " reservéiert fir 13 Auer. 
Ech war nach e bessi midd vun dem Daag vidrun. 


Desen Restaurant ass bessert Qualitéitsiessen, well den Oakwood Premier Hotel een 5 Stären Hotel ass. 
Den Service war super. 

Jihu huet fir mech bestallt an et sin Gäng gewiercht. 

************************************************************************************************






Entrée: 
Frëscht Geméis emrullt mat engem dënnen Paangesch, 
Eng Zopp mat Knuewleck, 
Kimchi am Wasser 
Tofu Zalot



Meerschnecke-Zalot


Verschidden Paangecher: Meeresfrüchte, Boeuf, Kimchi



 Seeschnecke à la vapeur, een Ee , an enger Zopp



 zerhackt gegrillt Randsfleesch, mat engem Reiskichelchen mat Champignons, marinéiert mat Sojazooss



marinéiert Schwengsflésch , mat Gromperen an der Paan gebroden an Geméis, 


op der Holzkuel gebroden Schwéngsfleesch mat Sojazooss mat Rettich


Bibimbap mat Zalott, Champignons, Ennen, mat enger Zopp aus Kaabes

( Foto vergiess ze maachen vun dem Fleesch mat frittéiertem Knuewleck )

Sesame Crackers & Pflaumentéi

An dat alles war nemmen fir 1 Persoun!



Freiden Owend

24. Januar 2014

FREIDES OWES

Endlech mol nees ee Freiden Owend wou ech mat Kollegen eppes drenken war. 
Den Rainer war mat mir gaangen, hien kënnt aus Deitschland, mee huet 20 Joër an USA gewunnt an als Pärdstrainer & Vétérinärpfleger geschafft. No 20 Joër an Amerika, huet hien sech entschloss eppes neies ze maachen an ass an Südkorea gaangen fir ze schaffen. 
Mir wunnen an dem nemlechten Haus an sin owes zesummen mat mengen koreaneschen Kollegen eppes drenken gaangen. 



Mir sin fir d'éischt an een Makgeolli - Haus gaangen wou een "All you can drink" Makgeolli kritt. Mir hun eng Klengegkeet giess an dunn sin mir an eng aner Bar gaangen.
Den Karam ass um 23 Auer nokomm an mir haaten interessant Gespréicher bis 4Auer moies. 




Dal.Komm - Café

Dal.Komm - Café 

Ech sin fir déi éischte Kéier an den Dal.Komm cafe gaangen.. 
Kuck, do steet et op Deitsch geschriwwen. Ech hun geduecht dass dat een deitschen Café ass, mee d'Website huet mech nemmen op eng koreanesch Website geleet. 




A Korea ass et schwéier richteg gudden Kaffi ze fannen. 
Et war jo déi éischte Kéier an ech hun mir den K1 geholl. 
fir den Filter Kaffi. 



Dat war den Interieur vum Cafe.... 

Doheem hun ech direkt eng Taass probéiert an mech wirklech doropper gefreet, bis ech en geschmaacht hun. 
Ech hun mech e bessi domadder ugeschass. 

( Ech freeë mech op eng gudd Taass Kaffi doheem zu Letzebuerg! ) 

Gong Cha - Bubble Tea

GONG CHA - BUBBLE TEA



Bubble Tea ass ee Gedrénks wat aus Grengem Téi oder Schwarzem Téi besteet, gemixed mat Mellech oder aneren Syrops oder Jus. Dat speziellt un desem Gedrénks ass dass et mat engem decken Schalimo gedronk gett an dass kleng Bullen am Becher sin. 
Déi Bullen bestin aus Tabioka an kënnen verschidden Goûts hun. 

Ech hun mir Passion Fruit Green Tea mat Pearl Bullen geholl, Less Sugar, an hallef Eis. 
fir 2,60€. 
Zu Lëtzebuerg gin et nemmen puer Cafés, déi dat hun, mee mir hun et sou vill Variatiounen!!




Schung fir den Beau??

20.Januar 2014

Also, ech resselen den Kapp wann ech Leit gesin wann hieren Hond Schingelcher un hun. 

Mee elo hun ech dem Beau och sou eppes ähnleches kaaft. 

Et ass net fir d'Fashion, mee et ass géint den Knascht vun den Stroossen. 

Den Moien ass hien an eppes getreppelt, an huet den halwen Wee gehumpelt. 

Gott sei dank huet sech dat verzunn. 

Ech hun him sou Plastikstremp kaaft, déi wasserdicht sin. 

Hien gesait zwar doof domadder aus, mee et ass besser, wéi wann hien déi net unhuet. 

De moien misst ech hien och duschen well hien sou knaschteg war, weinst dem Schnéi an dem Mätsch deen hei ass. 


E Flotten Weekend....

18. Januar 2014

Haut hun ech mech mam Gyeong Hoon getraff fir e bessi danzen ze goen vun 17h-20h an duerno sin mir duerch den Univéierel Konkuk getreppelt fir zesummen Owes ze iessen. Et gin sou vill verschidden Restaurants, dass mir eis réischt no 20min décidéiert haaten wat mir wollten. 

Mir sin an een koreanesch-chinesesch Restaurant gaangen, wou een alles fir nemmen 2,70€ kritt. 
Ech hun Jajangmyeon geholl,  dat sin Weizennuddelen mat enger bronger Zoos aus Sojabohnenpaste , Fleesch a Geméis. Et gesait e bessi gewöhnungsbedürfteg aus fir een Europäer, mee et schmacht ganz lecker. 
Den Gyeonghoon haat Jjampong, verschidden Fesch an Muschelen an enger rouder Zopp, déi ganz scharf ass. 
An zesummen hun mir eis Tangsukyuk gedehlt, Schwein süss-sauer! :) 

An fir 3 Menüer hun mir manner wéi 10€ ausgin :) 

************************************************************************************

19. Januar 2014

Den Moien sin ech eng gudd Stonn mam Beau treppelen gaangen an dann hun mech prett gemaach fir mam Joy iessen ze goen. Mir sin an d'Outback Steakhouse gaangen. 
Hatt huet mech invitéiert :)


Ech haat ee Steak mat eng Routweinzooss. 

Duerno sin mir den Beau sichen gaangen, hun hien pissen geloos an mir sin zesummen mam Metro fir déi éischte Kéier mam Beau gefuer. 

Et war fir den Beau ee ganz speziellen Daag, mat villen neien Erfahrungen! 

1. mat der Rolltraap erof an Metrostatioun, klengt geféierlech fir den Hond, ass et e besschen, mee ech hun gudd op hien opgepasst. Hien war onsecher, firwat déi d'Trap sech bewegt. 
2. Am Métro hun d'Leit as ugekuckt, ech war frou dass d'Joy mat mir war, well hatt net Koreanesch ausgesait, dann hun d'Koreaner bemierkt, dass mir net aus Korea sin. 
Ganz vill Jonker wollten den Beau heemelen an hun him gudd geschwaat. Déi aal hun eis béis Bleck gin, mee et huet keen eppes gesoot. 
Am Metro war den Beau ganz onsecher an huet sech dohinner geluecht, well et gewackelt huet. Hien huet vill gehächelt, mee eisen Wee war sou kuerz, et war no 5 min eriwwer. 
Fir eraus hun mir den Lift geholl dass hien net durch d'Leit muss goen. 
Wéi mir um Stack ukomm sin, stung ee jonken Jong virun dem Lift an wéi Dier opgaangen ass, ass hien sou erschreckt,dass hien seng Been an den Grapp geholl huet an d'Traapen eroff gelaaf ass. Déi Situation war sou witzeg, dass ech net konnt lues laachen. 
Et hätt een missen filmen. 

d'Joy haat een privaten Danzcour an engem Studio, an den Beau krut d'Erlabnis matzegoen. well ech den Besetzer och kennen. 
Sein neien Studio war ganz grouss mat 2 Dänzsäll an helzenem Buedem. 
Mir hun e bessi nogekuckt an duerno sin ech een Tour ronderem treppelen gaangen, an sin heno nees erem komm. Wei dem Joy seng Cours eriwwer war, konnt den Beau e bessi durch den Studio laafen. Den Tae youn, den Besetzer an d'Joy hun ganz vill mat him gespillt an den Beau war ganz ausser Otem. 
Well hien nervös oder frou war, huet hien un den Patten geschweest an lauter Tratschen durch den Studio gemaach . Mir hun awer duerno alles proper gemaach :) 


D'Joy, den Beau an ech am Studio


Nodem dass den Beau d'Tratschen gemaach huet, krut hien seng Patten proper gemaach...



éier mir heem gaangen sin, huet den Tae youn  probéiert him danzen bei ze brengen :)


An der Metrostatioun...

Danzstage mam Danni Rogers

den Méinden, 13.Januar 2014 

hun ech spontan un engem Danzstage deelgeholl. 

Fir d'éischt war vun 20h-21h ee gratis Hip Hop Danzcour. Ech hun nach nie an mengem Liewen Hip Hop gedanzt an war zimlech nervös fir des Class. 
Jinhee huet mech dazou iwwerried emol ze probéieren. Am Ufank ass et fir jiddfereen schwéier an all Profi huet jo och emol vun vir ugefaangen. 
Jinhee danzt elo 3 Méint Hip Hop an et gesait wirklech gudd aus! 
An dat alles mat 40 Joer :) 

Ech sin jo vill méi jonk an hun geduecht fir mol ze probéieren. 
Puer Minutten virun der Classe huet d'Jinhee mech sengen Frendinnen virgestallt. 
Ech muss nach dazou soen, dass desen Danzcours an den Stage vun der New Philadelphia Kierch gsponsert gouf, d.h déi Leit, déi do matgemaach hun, waren all vun der Kierch. Dat huet mech zwar net gestéiert an mir haaten vill Spass mateneen. 

Et koumen vill Leit fir den gratis Cours an den klengen Danzraum war komplett voll. 
Den cours war sou opgebaut, dass een als TOTALEN Ufänger, deen ech war, nokomm ass. 
Ech sin zwar net sou gudd doranner, all Schretter, an Koordinatioun vun Arm an Been ze maachen. 
Mee ech krut d'Choreographie hin, och wann et net proper war, war ech stolz dass ech se iwwerhaapt geschafft hun. 

No dem Cours haaten mir 30min Paus fir den Danzstage vun dem Amerikaner Danni Rogers. 
Deen jonken Mann huet mat villen Sänger oder Gruppen geschafft, an ass ee bekannten Choreograph. Ech wosst am Ufank schon direkt dass ech wärt guer net nokommen, mee fir 3€ de Stage kann een sech dat awer iwwerleen an et war eng gudd Erfahrung. 

Ech hun heno nom Stage mat him geschwaat an hien huet mir och gesoot, dass hien gesin huet, dass ech net nokomm sin mee wat hien gudd fonnt huet, dass ech awer probéiert hun. 
All aneren huet schon puer Joer gedanzt gehaat an dofir sin ech mir e bessi domm wier komm, mee hun net opgin an alles iwwerliewt ;) 
Ech hun him och erklärt dass ech aus engem aneren Danzbereich kommen. Hien huet mech courgéiert fir weider ze maachen ;) 


mir hun all Kappwéi....hehe, nee dat war den Ufank vun der Choreografie, wou ech nach nokomm sin..




Hien huet eis erklärt an gewissen welch Gefiller een beim Danzen soll hun.... 
dat konnt ech net, well ech mech ze vill op Reihenfolg vun den Schretter konzentreiert hun... 


An dat war eis Grupp vun 21 Teilnehmer/Innen... aus Frankreich,Afrika, Usa, Korea, etc.

Laangen Wee bis...

15. Januar 2014

Haut de Moien hun ech mein Rucksaack gepaackt: mat villen Doggie bags, Waasser fir mech an Waasser fir den Beau, Feuchte Handtücher, Leckerlien an enger méi laanger Lengt. 
Ech mengen den Beau wees schon wann ech den Rucksaack paacken, dass mir dann den ganzen Moien ennerwee sin. 

Mir sin fir d'éischt den normalen Wee getreppelt , dass hien Pipi kann maachen. 
Och wann ech direkt nom Opstoen an den Gaart mat him gin, mescht hien nach keen Pipi an muss dann eben nach warden bis ech giess hun. Hien mescht nemmen, wann et wirklech dringend ass. 

Sou, mir sin fir d'éischt eisen normalen Wee getreppelt, laanscht 3 Spillplaazen getreppelt an dann Richtung Sinsa Statioun getreppelt. fir bei den Han Floss ze kommen. 
Ech haat schon emol probéiert dohinner ze kommen, mee ech haat mech verlaaf an war frou fir ee Gebei ze gesin wat ech kennen.

Des Kéier sin mir no 3 km ukomm, wéi den Beau déi grouss Wiss gesinn huet, huet hien nemmen nach gezunn fir séier dohinner ze kommen. 

Hien ass ronderem gelaaf an huet mech an allen Richtungen gezunn, Mee leider konnt ech hien net lass maachen, well et vill ze geféierlech gewiercht wier. 

Ech haat jo eng méi laang Lengt matgeholl an hien konnt dunn awer bessi méi weit fort vun mir laafen. 



Den Han floss leeft duerch Seoul , an ass ongféier 514km laang. 
Ech war zu Jamwon, am südlechen Deel vun Seoul. 
Laanscht den Han floss sin puer Cafés an klengt Geschäfter fir den klengen Duuscht. 
Et ass ideal fir Sportler an wann een fresch Loft well riichen. 
Moies wei ech do war, waren nemmen eeler Leit do, si sin all treppelen gaangen oder hun puer Übungen an der Wiss gemaach. 
Ech sin ee gudd Steck mam Beau getreppelt an hun d'Natur an d'Vue genoss. 
Endlech eweg vun den klengquaréierten Koreaner zu Gangnam. 



bloen Himmel 


Den Beau waart drop dass mir gin....

Op der anerer Seit vun Seoul, leit deen Deel wou ech soss gewunnt hun, Den groussen Tuerm ass den NSeoul Tower, wou een eng wonnerschéin Vue vun ganz Seoul an op Nordkorea huet. 


Den Beau mat der laanger Lengt ... leider hun ech keng 12m Lengt fonnt, maximum war 8m. 
ganz reng, dass ech emmer mengen, dass si all Moment auserneen sprengt. 

******************************************************************************

Den Beau fänkt och elo sou lues un, wann Leit laanscht treppelen, si unzekucken an heiensdso probéieren ze beschnupperen. 
Moies wann ech den normalen Tour mat him gin, begéinnen mir öfters een jonken Koreaner, deen Bestellungen op sengem Motorrad liefert. Deen Koreaner ass wirklech ganz frou mam Beau an heemelt hien all Kéiers wann mir eis begéinen. 
Hien schwetzt him gudd an den Beau huet ugefangen hien ze lecken. 
Dat ass ee gudden Fortschrett. 

*****************************************************************************

Während dem Tour sin d'Reaktiounen vun den Koreaner ennerschiddlech. 
Et hänkt och davunner of um weivill Auer an wou ech den Tour maachen. 

Wann ech Richtung Gangnam treppelen, den Businesscenter vun Seoul, wou och den schicken Quartier ass, do wou et baal keng Déieren gin, do fänken Koreaner un ze jeitzen oder sou ze maachen wéi wann den Beau een Dinsaurier wier. 

Gin ech Richtung Park, gin et kanddereg aal Leit, déi emmer meckeren mussen , entweder mam Hond dass hien Pipi an d'Grass mescht oder mat mir dass ech sou een groussen Hond hun oder dass ech neischt zum Hond soen dass hien sein Pipi oder Kaka an d'Wiss mescht. 
Dann gin et nach kanner, déi nach nie an hierem Liewen een Hond gesin hun, déi eng hun Angscht, déi aner kommen op mech duer an froen ob den Hond beisst. Ech sin emmer frou wann sou Kanner kommen, dann léier den Beau fir mat Kanner emzegoen an ech weisen den d'Kanner, wéi si den Hond richteg heemelen sollen oder sech verhaalen sollen. 
Meeschtens sin Mammen jo dabei an ech gin hinnen d'Secherheet, dass den Kanner neischt geschitt. 
D'Leschte Kéier sin 3 Geschwester komm, ennerschiddlechem Alter, den jéngsten war villeicht em déi 4-5 Joer. 
Hien wollt den Hond onbedengt heemelen, mee wann den Beau gewackelt huet , huet hien gejaut an ass fortgelaaf.. Ech hun mech bei den Beau op Knéien gesaat an hun dem Jong ze verstoen gin, dass hien net soll laafen, ech hun him gewissen wei hien seng Hand soll haalen an den Beau huet hien geleckt. Den Jong war sou frou dass hien bei seng Mamm gelaaf ass an hir dat erzielt huet. Natirlech huet si vun weitem alles beobachtet ;) 

Heiendso wann mir treppelen gin, gin et Leit déi dem Beau vill Komplimenter maachen.. : 
"Oh, wat ass dat fir ee scheinen!"
"Wei léif!"
"Ass dat een Jindo?, Ganz schéin!"
Oder et gin Leit dei mat mir schwetzen an wellen méi iwwert den Beau wessen, wéi aal hien ass, wou ech en kaaft hun, an welch Rass hien ass etc. 

Et ass ee Mann, deen wollt mir den Beau ofkaafen, mee KEEN kritt den Beau! hien ass mein!!! :)