Haut de Moien hun ech mein Rucksaack gepaackt: mat villen Doggie bags, Waasser fir mech an Waasser fir den Beau, Feuchte Handtücher, Leckerlien an enger méi laanger Lengt.
Ech mengen den Beau wees schon wann ech den Rucksaack paacken, dass mir dann den ganzen Moien ennerwee sin.
Mir sin fir d'éischt den normalen Wee getreppelt , dass hien Pipi kann maachen.
Och wann ech direkt nom Opstoen an den Gaart mat him gin, mescht hien nach keen Pipi an muss dann eben nach warden bis ech giess hun. Hien mescht nemmen, wann et wirklech dringend ass.
Sou, mir sin fir d'éischt eisen normalen Wee getreppelt, laanscht 3 Spillplaazen getreppelt an dann Richtung Sinsa Statioun getreppelt. fir bei den Han Floss ze kommen.
Ech haat schon emol probéiert dohinner ze kommen, mee ech haat mech verlaaf an war frou fir ee Gebei ze gesin wat ech kennen.
Des Kéier sin mir no 3 km ukomm, wéi den Beau déi grouss Wiss gesinn huet, huet hien nemmen nach gezunn fir séier dohinner ze kommen.
Hien ass ronderem gelaaf an huet mech an allen Richtungen gezunn, Mee leider konnt ech hien net lass maachen, well et vill ze geféierlech gewiercht wier.
Ech haat jo eng méi laang Lengt matgeholl an hien konnt dunn awer bessi méi weit fort vun mir laafen.
Den Han floss leeft duerch Seoul , an ass ongféier 514km laang.
Ech war zu Jamwon, am südlechen Deel vun Seoul.
Laanscht den Han floss sin puer Cafés an klengt Geschäfter fir den klengen Duuscht.
Et ass ideal fir Sportler an wann een fresch Loft well riichen.
Moies wei ech do war, waren nemmen eeler Leit do, si sin all treppelen gaangen oder hun puer Übungen an der Wiss gemaach.
Ech sin ee gudd Steck mam Beau getreppelt an hun d'Natur an d'Vue genoss.
Endlech eweg vun den klengquaréierten Koreaner zu Gangnam.
bloen Himmel
Den Beau waart drop dass mir gin....
Op der anerer Seit vun Seoul, leit deen Deel wou ech soss gewunnt hun, Den groussen Tuerm ass den NSeoul Tower, wou een eng wonnerschéin Vue vun ganz Seoul an op Nordkorea huet.
Den Beau mat der laanger Lengt ... leider hun ech keng 12m Lengt fonnt, maximum war 8m.
ganz reng, dass ech emmer mengen, dass si all Moment auserneen sprengt.
******************************************************************************
Den Beau fänkt och elo sou lues un, wann Leit laanscht treppelen, si unzekucken an heiensdso probéieren ze beschnupperen.
Moies wann ech den normalen Tour mat him gin, begéinnen mir öfters een jonken Koreaner, deen Bestellungen op sengem Motorrad liefert. Deen Koreaner ass wirklech ganz frou mam Beau an heemelt hien all Kéiers wann mir eis begéinen.
Hien schwetzt him gudd an den Beau huet ugefangen hien ze lecken.
Dat ass ee gudden Fortschrett.
*****************************************************************************
Während dem Tour sin d'Reaktiounen vun den Koreaner ennerschiddlech.
Et hänkt och davunner of um weivill Auer an wou ech den Tour maachen.
Wann ech Richtung Gangnam treppelen, den Businesscenter vun Seoul, wou och den schicken Quartier ass, do wou et baal keng Déieren gin, do fänken Koreaner un ze jeitzen oder sou ze maachen wéi wann den Beau een Dinsaurier wier.
Gin ech Richtung Park, gin et kanddereg aal Leit, déi emmer meckeren mussen , entweder mam Hond dass hien Pipi an d'Grass mescht oder mat mir dass ech sou een groussen Hond hun oder dass ech neischt zum Hond soen dass hien sein Pipi oder Kaka an d'Wiss mescht.
Dann gin et nach kanner, déi nach nie an hierem Liewen een Hond gesin hun, déi eng hun Angscht, déi aner kommen op mech duer an froen ob den Hond beisst. Ech sin emmer frou wann sou Kanner kommen, dann léier den Beau fir mat Kanner emzegoen an ech weisen den d'Kanner, wéi si den Hond richteg heemelen sollen oder sech verhaalen sollen.
Meeschtens sin Mammen jo dabei an ech gin hinnen d'Secherheet, dass den Kanner neischt geschitt.
D'Leschte Kéier sin 3 Geschwester komm, ennerschiddlechem Alter, den jéngsten war villeicht em déi 4-5 Joer.
Hien wollt den Hond onbedengt heemelen, mee wann den Beau gewackelt huet , huet hien gejaut an ass fortgelaaf.. Ech hun mech bei den Beau op Knéien gesaat an hun dem Jong ze verstoen gin, dass hien net soll laafen, ech hun him gewissen wei hien seng Hand soll haalen an den Beau huet hien geleckt. Den Jong war sou frou dass hien bei seng Mamm gelaaf ass an hir dat erzielt huet. Natirlech huet si vun weitem alles beobachtet ;)
Heiendso wann mir treppelen gin, gin et Leit déi dem Beau vill Komplimenter maachen.. :
"Oh, wat ass dat fir ee scheinen!"
"Wei léif!"
"Ass dat een Jindo?, Ganz schéin!"
Oder et gin Leit dei mat mir schwetzen an wellen méi iwwert den Beau wessen, wéi aal hien ass, wou ech en kaaft hun, an welch Rass hien ass etc.
Et ass ee Mann, deen wollt mir den Beau ofkaafen, mee KEEN kritt den Beau! hien ass mein!!! :)
Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen