Korea Reckbléck...

Et sin nach 29 Deeg bis ech nees an eit kleng Ländchen kommen. 

Wann ech ee Réckbléck maachen, wéini ech fir déi alleréischte Kéier a Korea komm sin, wellecht Bild ech vun Korea an den Leit haat, dat huet sech an den Joeren geännert. 

Déi alleréische Kéier war ech am August 2005 mat mengem Brudder mat den Adoptivkoreaner vun Racines coréenes, (Frankreich). Mir haaten demols "Holt Motherland camp" matgemaach, d.h mir waren super encadéiert: den Mr. Lee , den Dolmetscher fir Letzebuerger, ass eis op den Flughafen sichen komm, en huet eis an d'Hotel "Hamilton" zu Itaewon gefouert an ass mat eis den Plang fir déi nächst 2 Wochen durchgaangen. Mir konnten hien emmer uruffen, wann mir Froen haaten. Am Hotel hun si Englesch geschwaat an ech haat jo och mein groussen Brudder dabei. 
Ech war 18 Joër , wei ech déi éischte Kéier dohannen war. Ech haat seit Joeren drop geward fir endlech kennen zreck an eist Gebuertsland kennen ze goen. Demols hun ech alles flott fonnt. 
Well mir als Touristen nemmen de Luxus vun Korea gesin hun. Ech war sou blann an hun et demols net wouer geholl, dass d'Kultur sou vill aneschtes ass. Mein Brudder dagéint huet vun der éischte Kéier seng Meenung iwwert Kultur an d'Leit gehaat, déi hien mir vill méi spéit gesoot huet. 
Hien wollt mir mein Dram net "verscheissen". Ech sollt meng eegen Erfahrungen maachen fir meng eegen Meenung iwwert d'Land ze hun. 
Mir haaten 2005 wirklech 2 flott Wochen, hun nei Adoptivkoreaner an hier Geschichten kennengeléiert, mir hun e bessi koreanesch geléiert an mir sin ganz villes kucken gaangen. 
Mir hun nemmen an Luxushoteler geschloof an konnten europäesch & koreanesch Iessen. 
2005 war den Euro sou staark, dass eis alles ganz belleg virkomm ass. Mir hun och villes demols kaaft an och eiser Famill vill Souvenirs matbruecht. 

2007 war ech nach emol mat mengem Brudder a Korea.
Eis ass dest Kéier keen sichen komm an mir sin mam KAL bus op Seoul gefuer. 
 Mir waren awer nemmen zu Seoul, der Haaptstaat bliwwen an wollten un kenger Tour deelhuelen. Ech hun mech em alles bekemmert an hun den Fluch an eist Guesthouse erausgesicht. Well mir des Kéier wollten an dem Koroot iwwernuechten ( een Guesthouse fir nemmen Adoptivkoreaner) schloofen, fir Suen ze spueren, konnten mir eis aner Saachen leeschten. 
Mir hun net sou vill Kulturelles gekuckt, mee éischter wat Jugendlecher an hierer Freizeit maachen. 

2009 war ech dunn ganz alleng a Seoul a Korea. Mech ass do och keen Sichen komm an ech misst kucken fir ganz alleng op engem Samsteg,, wou INKAS zou war, d'Appartement vun INKAS ze fannen. Ech haat mir zu Letzebuerg am Google earth den genauen Wee an Gebeier ugekuckt wann ech aus dem Bus klammen, wou ech muss hinn goen, an sou hun ech och d'Appartement fonnt. 
Ech konnt och INKAS net uruffen, well si Samsteg net schaffen ech mein Handy ass net a Korea gangen. 
Ech krut een Stipdendium fir 10 Wochen op der Yonsei Uni, plus hun ech konnten fir 4 Méint bei InKAS schloofen. InkAS ass eng Organisatioun fir Adoptivkoreaner, déi hinnen a Korea hellefen. zb eng belleg Unterkunft, Sich no der Famill, Dolmetscher, Hellef am Alldaagsliewen a Korea etc. 
Ech hun do an engem Dortoir gewunnt mat 3 aner Meedercher ( 1 aus Dänemark, 1 aus Schweden an 1 aus Frankreich ). Allen 3 waren schons vill méi laang a Korea, well si do geschafft hun. 
Mir hun zu 7 Meedercher an engem Appartement gewunnt. 
2009 Hun ech ganz vill nei Leit vun der ganzer Welt kennengeléiert, aus Japan, Spuenien, Kenia, Schweiz, Qatar, Taiwan, USA, etc. 
Déi meescht waren vun der Uni an déi aner vum Danzen. 
2009 war ech gudd 4 Méint a Seoul, hun do mein éischten Level mat Bravo ferdeg gemaach an konnt nierwend laanscht nach vill danzen goen, oder op Danzeventer kucken goen, bzw. Photoen, Video maachen & Interviews gin. 

2010 sin ech fir ee ganzt Joer dohinner geflunn fir weider Niveauen op der Uni ferdeg ze maachen. Ech hun fir den éischten Mount bei Inkas gewunnt an mech op d'Sich gemaach fir meng eegen Wunneng ze fannen. 
Ech haat meng Virstellung wei ech well wunnen an wou ech well wunnen. 
Déi meescht Studenten wunnen am Studentenwohnheim mat villen Regelen. Mee ech wollt alleng wunnen mat mengem Reegelen. 
Ech haat mir schon vill Infoen zu Letzebuerg erausgesicht, an och welchen Immobilienmakler ech wärt uruffen. Mee fir déischt wollt ech mol bei engem koreaneschen Immobilienmakler mein Gléck probéieren , dat voll an Box gaangen ass. Ech sin mat engem Dolmetscher dohinner gaangen an hun him meng Virstellung vun enger Wunneng gesoot, Den Mann war total dagéint an huet gemengt, wann ech ee Student wier, bréicht ech sou eppes net. Hien hätt eng "Wunneng" fir mech. Mir sin déi och direkt kucken gaangen an ech hun se natirlech net geholl, well et egal wat war. Hien wollt mir 1 ZEMMER verlounen 15m2 mat Bett, Schreiwdesch, Stull, winzeg klengt Buedzemmer, wou nemmen eng Toilette, lavabo an een Duschkapp dran ass. sou wunnen d'Studenten a Korea. 
Ech hun him erklärt, dass ech e bessi Plaaz brauch fir mech ze beweegen, ech giff jo mell an der Zell gin. 
Hien wollt mir nemmen sou One Rooms weisen. 
Nodem dass dat voll an Box gaangen ass, hun ech den Mr. Gilbert ugeruff hien ass op Auslänner spezialiséiert an wees wat d'Auslänner fir Wensch hun. 
Ech hun dunn meng kleng Wunneng fonnt. et war een Officetel ( ee mix zweschen Office & Hotel ) an engem neien Gebei um 8.Stack zu Sinchon op der Haaptstroos, wou alles, awer och alles ganz no luch: Supermarché, banken, Dokteren, Cafeen, Restaurants, Busstops, Metrostatioun etc. 
Et luch einfach super an haat och sein Preis. 
Ech hun do 1 Joer gewunnt. 
An dem Joer hun ech vill Erfahrungen gemaach, gudder a schlechter, mee ech sin nees heel op Letzebuerg komm. ech sin och frou gewiercht fir heem, well mein  Muppes ganz vill krank war. 
Ech hun villes do geléiert an et war eng gudd Erfahrung fir mech fir dass ech mol ganz alleng sin, ouni dass meng Elteren oder mein Bruder mir do helleft. 
Do hun ech schon bemierkt, dass d'Koreaner aneschtes ticken an dass ech heiendso deck genervt war vun der Kultur an hierem Behuelen. 
z.B
" Si sin ganz direkt an soen dir riicht an d'Gesiicht, dass du fett bass oder eng Kromm Nues hues"
" Si drecken an der Metrostatioun, kee Wonner wanns du een Iellebou am Reck hues , erwaard net dass si sech entschellegen"
" Déi aal Leit hun emmer Recht" 
"Déi aal Leit kennen dech schloen oder dir eng klatschen, wanns du hinnen keen Respekt gess, an du dierfs se net zreckrennen oder zreckmaulen"
"Si dinn sech ganz aneschtes un, am Summer bei 40Grad laafen si mat enger denner Jacket ronderem."
" Koreaner dinn immens kuerz Jupen oder Shorts am Summer un, mee du dierfs awer keen decollté hun! soss gess de schief ugekuckt"
"Wanns de blond bass an du hues beim Mier ee Bikini, mengen si du wiers aus Russland an du giffs Owes uschaffen goen" (Koreaner schwammen mat huerem Tshirt op dem Bikini )
" Koreaner vermeiden d'Sonn" Wanns du op der Plaage leis an dech bräuns, gess de schief ugekuckt. 
"Wanns de bessi méi donkel oder gebräunt bass, gess de an all Geschäft ugeschwaat fir dass du Hell gess, si bidden dir Cremen un mat Whitening".
"Wanns du mockeleg bass, fenns de baal keng Kleeder, well si ze vill denn sin" 
Wanns de mockeleg bass, an du wells eppes kaafen an du frees no L taille , kucken se dech un an soen et gett keen L oder BIG SIZE gett et nemmen an Itaewon. alles wat iwwert taille 36-38 ass, ass BIG SIZE! 

etc etc. 

2011 sin ech an mengen Congé fir 10 Deeg a Seoul geflunn fir Frenn ze treffen an un engem groussen Danzevent deelzehuelen vun menger Uni. 

2012 war ech fir 1 Mount dohannen, hun do Untermiete bei engem Kolleg bezuelt an konnt alleng an sengem Appartement wunnen. 
Ech war dest Keier e bessi ronderem durch Korea gefuer. Busan & Jeju fir Vakanz ze maachen. 
Ech war mein Gebuertsort kucken an leider ass Clinique fort. Do steet eng Schoul elo. 
Ech haat eng flott Zeit an hun all meng Frenn erem gesin. 

2013 war ech och an mengem Congé am Abrell fir 2 Wochen do. Ech sin op Busan fir puer deeg gefuer an hun all Daag eppes um Programme gehaat. Ech hun do an engem Studio gewunnt. 

An elo am November 2013 bis Februar 2014 sin ech a Korea fir mein Hond sichen ze goen. 
fir Frenn erem zesgin, an ech hun meng biologesch Mamm & de Bop getraff. 
No 8 Joer no der Famill sichen, hun ech och mol Gleck gehaat :)
8 Mol a Korea, baal all Joers 1 oder 2 Mol dohinner fléien... 

elo ass fir mech hei Schluss. 
Ech hun jo och mein Liewen a Letzebuerg an gin do schaffen, wunneng do alleng an hun elo een Hond. 
Ech hun Korea sein Wandel matgemaach vun 2005 bis 2014 ass villes do geschitt, wirtschaftlech an kulturelles an ech hun festgestallt, dass ech do kann NIE wunnen. 
Et sin ze vill grouss Ennerscheeder mat den Koreaner a Letzebueger. 
Schaffzeiten sin iwwert 50std Woch heiendso an et verdengt een net vill. Manner wei 40h hei. 
D'Wunnen ass zu Seoul saudeier! 
Wann een d'Wunnen elo net vun senger Aarbescht bezillt kritt, muss een emmer spueren an et kann een sech neischt hei leeschten. 
Kautioun fänkt minim. bei 7000€ un fir eng kleng 40m2 wunneng. 
well een eppes mei grousses, bezillt een 14.000€ an een normalen loyer, well een den loyer mei belleg maachen, bezillt een mei Kautioun. 
Wann een als zaldot op der Base wunnt, kritt een alles finanzeiert , déi Familen dei do wunnen, hun et gudd. Zb. Dei deitsch oder Amerikanesch Hausfraen vun den Zaldoten wunnen an grouss Appartementer mat 5 Zemmeren etc, kreien alles vum Staat bezuelt an verdengen och nach super. Dann ass d'Liewen a Seoul ee Kannerspill fir si. En plus wunnen all d'Auslänner beieneen, d.h si fillen sech mol net richteg a Korea, mee an hierem Land. 

Mee dat hun ech net. 
Ech misst mir entweder eng passabel Wunneng hei sichen an keint mir soss neischt leechten. Et gett net richteg eng Krankenassurance oder eng penisoukees. 
Ech hun och keng Loscht eng 50STD woch ze maachen fir manner ze verdengen wei a Letzebuerg. Ech hun och keng Loscht op Arbeschtsverhältnis hei. zb du schaffs bis 20h , et ass 19h45 an du meschs ddech prett fir heem, den chef kennt an seet du muss nach eppes ferdeg man, kanns du net nee soen! du muss et maachen och wanns de bis 23h nach do setzt, an kriss neischt bezuelt, keng Iwwerstonn gerechent. 
Wann den chef seet du gees elo mat eppes iessen an drenken, an du bass awer midd an wells nemmen nach heem, dierfs de NET heem goen! du MUSS mat drenken goen! 
Dat sin sou saachen dei net gudd fannen an dat Zwengen , gefällt mir guer net hei.

Ech war och öfters an Situatiounen wou een mech gezwongen huet eppes ze maachen, soss giff ech net dabei geheieren!!! mir ass dat awer egal an hun et net gemaach. Si hun sech awer och net getraut eppes dageint ze soen, well ech fir si NET Koreaner sin. 

Ech keint hei baal ee Buch schreiwen, wat d'ENNERSCHEEDER vun Letzebuerg a Korea sin. 
mee ech haalen leiwer hei op. 

Korea ass net schlecht, mee awer och net gudd. 
Korea muss nach villes beileieren. ( vun der Vue vun engem Europäer gekuckt ). 
am sozialen & déierenfrendlechen Emgang mussen si nach vill léieren. 








Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen