10. Januar 2014
Haut haat den Beau ee flotten Daag an ech hoffen hien huet et genoss!
Ech sin mat him 8km Moies getreppelt an sin nach 3Stonnen an den Hondscafe gaangen , wou hien konnt ronderem rennen an mat aneren Henn spillen.
Am Nometten sin mir réischt heem komm an hien war wirklech futti, hien huet mol net richte méi mat sengem Ball gespillt.
Ech hun dunn décidéiert bei den Coiffeur ze goen. Wat hei flott ass, et gin sou vill Coiffeuren dass een keen RDV brauch. Ech sin bei den MK Hair gaangen an hun nom Preis gefrot. 20€ fir Wäschen, Schneiden, Brushing an d'Hoer glätten. Dat klengt gudd an hun dat och geholl.
Meng Hoer sin jo gudd gewuess gewiercht an déi eigentlech Coiffure ass schon ganz erausgewues gewiercht.
Ech hun mir nees ee Bob schneiden geloos.
D'Coiffeuse konnt keen Englesch an huet hieren Mataarbeschter ugeruff fir alles ze iwwersetzen , dat ass leif vun hier.
Si huet sech vill méi gin an huet mir och nach eng Kappmassage gemaach.
Nodem huet si mir nach Ice Tea ze drenken gin an ee Kichelchen gin.
Ganz leif vun hier.
Ech hun si nach gefrot wat d'Fierwen kascht fir villeicht en aner Kéier...
70€ fr ganz Hoer normal.
60€ fir mech fir een discount, wann ech well erem kommen.
Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen