Et sin elo schon 2 Wochen wou den Beau bei mir doheem ass.
Hien huet schon villes matgemaach an et ass schwiereg an enger Metropole ze wunnen mat ongeféier 11 Millounen Koreaner an engem groussen Muppes.
Mee ech probéieren mein Bescht ze man, fir dass et him gudd geet :)
Hien esst gudd an huet och elo keng Problemer méi fir sein Antibiotik ze huelen. ech verstoppen dat schéin an seng Wurscht.
Fir Sylvester haat ech hien vun 19h00 bis 3h00 moies alleng geloos an hien huet neischt futti gemaach, net gepisst oder irgendeppes rofgeheit. Wéi ech heem komm sin, luch alles op senger Plaaz an hien luch an senger Kescht :) Gudden Jong..
Den 2.Januar 2014 sin mir op Gangnam getreppelt, an den Cafe Pawz ( een Hondscafe)
Hien huet et genoss an ass wéi weld ronderem gelaaf an gesprongen, huet déi aner Henn beschnuppert, ass beschnuppert gin an huets ech direkt ennerworf!
Den Beau war zwar deen gréissten Hond do, mee ech mengen hien war den jéngsten.
Den Corgi huet him gewissen, ween den Chef am Cafe ass.
Durch Opreegung huet hien 2x Kitzi gemaach an huet sech e bessi ze vill drun gin.
Hien huet souguer Pipi op den Pad gemaach, wat hien soss nie mescht..
Dat soll awer keng Gewunnegt gin, well bei mir doheem dierf hien dat och net maachen.
Mir sin gudd 2 Stonnen am Cafe bliwwen an ech haat emmer een Aaen op hien. Hien dierft och net vun denen aneren Hondsbesetzer gefiddert gin. Well hien seit pue Deeg den Dünnschiss huet.
****************************************************************************
3. Januar 2014
Haut ass dem Beau seng Schwester fonnt gin. Den Hond ass seit September verschwonnen gewiercht, zwar och adoptéiert gin, mee den Hond ass sou färterech gewiercht, dass hien direkt fortgelaaf ass. Seng Besetzer hun bis elo d'Hoffnung net opgin an hun hien gesicht. Ech hun och gehollef an sin Pousteren ophänken gaangen.
Geschter huet sech ee groussen Grupp vun Freiwelleger zesummengedoen an hun den Hond op enger bestemmter Plaaz gesicht, do wou hien virgeschter fir d'Lescht gesin gouf.
Pompieren hun och gehollef an si konnten den Hond afenken. Den Hond , deen "Summer" heescht, war blesséiert. um Been an um Bauch. Hien huet vill Pelz verluer an huet ganz schlemm ausgesin. Mee elo ass den Hond beim Vétérinär wou hien gudd versuecht gett. Déi Freiwelleg Leit gin den Hond och besichen, well sein Besetzer am moment net a Korea ass.
Ech sin frou dass den Hond fonnt gin ass, an dass vill Leit dorunner bedeelegt waren fir den Hond iwer 4 Méint eremzefannen.
D'Summer gett elo gudd opgepeppelt an heno kritt hatt och ee Supert Doheem wei den Beau.
Den Beau ass och ganz ängschtlech, Keen wees wat an sengem Bebeliewen geschitt ass.
Den Beau vermeid Männer, aal Männer oder Männer mat enger déiwer Stemm.
*********************************************************************************
Owes wéi ech heem komm sin, luch ee Paack virun menger Dier.
Bandanas déi ech fir ee gudden Zweck kaaft hunn, sin endlech ukomm.
an dem Beau steet et och super! " Rescued and I love it " ( Gerettet an ech genéissen et )
*********************************************************************************
4. Januar 2014
Ech konnt net schloofen an sin mat him um 7h30-8h30 treppelen gaangen. Mir gin emmer aner Stroosen fir dass hien net emmer dat nemlecht gesait. Wéi mir op déi aner Seit vun Nonhyeon komm sin, hun ech vun weitem een weissen Hond gesin, deen einfach sou ouni een Besetzer ronderem gelaaf ass.
Den Beau huet en och direkt gesin.
Mee den Hond ass an eng aner Richtung gelaaf, mir sin weider getreppelt an bemol kennt den Hond eis entgéint.
Den Beau huet sech schon prett gemaach fir ze spillen, sein Schwanz huet gewackelt an hien huet frou ausgesin, mee den aneren weissen Hond, och een Jindo, haat sein Pelz gesträubt an ech wollt direkt mam Beau emdréinen. Et war ze speit, den Hond ass op eis duergelaaf komm an huet den Beau an den Pelz gebass. den Beau huet sech gewiert an ech hun probéiert den Beau eweg ze zeien, mee dat ass net gaangen. Een Security mann ass erauskucken komm , an stung voll helleflos do.
Ech war sou erféiert, dass ech den aneren Jindo mam Fouss op seng Brouscht an op Gesicht geschloen hun, an gejaut.. Géi fort!
Dunn ass ee fortgelaaf!
Ech wees och hogenau weem sein Hond dat ass. enger reicher famill hieren Hond, déi wahrscheinlech nemmen den Hond rausgeloos hun fir dass hien pipi kann man.
Wéi ech laanscht dat Haus getreppelt sin, stung Dier ganz weit op an dofir ass den béisen Hond eraus komm. Ech héieren den Hond nemlech all Daag am Gaart billen.
Vun Schreck huet den Beau eweg gezunn an hien haat dunn den Dünschiss. Kann ech verstoen.
Ennerwee fir heem, wou hien sech berouegt haat, hun mir een Pomeranian gesin, deen mam Beau wollt spillen, mee den Beau net mat him, hien huet ugefaangen ze knurren, wat ech och e bessi kann verstoen well hien grad vun engem friemen Hond ugegraff gin ass.
Doheem hun ech nogekuckt ob den Beau irgendeppes hätt, mee hien ass an der Reih. Keng Verletzungen.
Doheem huet den Beau direkt mat sengem Alligator gespillt an wollt geheemelt gin :)
an dunn ass déi schéin Foto entstaanen
Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen