Haut hun ech mech mam Gyeong Hoon getraff fir e bessi danzen ze goen vun 17h-20h an duerno sin mir duerch den Univéierel Konkuk getreppelt fir zesummen Owes ze iessen. Et gin sou vill verschidden Restaurants, dass mir eis réischt no 20min décidéiert haaten wat mir wollten.
Mir sin an een koreanesch-chinesesch Restaurant gaangen, wou een alles fir nemmen 2,70€ kritt.
Ech hun Jajangmyeon geholl, dat sin Weizennuddelen mat enger bronger Zoos aus Sojabohnenpaste , Fleesch a Geméis. Et gesait e bessi gewöhnungsbedürfteg aus fir een Europäer, mee et schmacht ganz lecker.
Den Gyeonghoon haat Jjampong, verschidden Fesch an Muschelen an enger rouder Zopp, déi ganz scharf ass.
An zesummen hun mir eis Tangsukyuk gedehlt, Schwein süss-sauer! :)
An fir 3 Menüer hun mir manner wéi 10€ ausgin :)
************************************************************************************
19. Januar 2014
Den Moien sin ech eng gudd Stonn mam Beau treppelen gaangen an dann hun mech prett gemaach fir mam Joy iessen ze goen. Mir sin an d'Outback Steakhouse gaangen.
Hatt huet mech invitéiert :)
Ech haat ee Steak mat eng Routweinzooss.
Duerno sin mir den Beau sichen gaangen, hun hien pissen geloos an mir sin zesummen mam Metro fir déi éischte Kéier mam Beau gefuer.
Et war fir den Beau ee ganz speziellen Daag, mat villen neien Erfahrungen!
1. mat der Rolltraap erof an Metrostatioun, klengt geféierlech fir den Hond, ass et e besschen, mee ech hun gudd op hien opgepasst. Hien war onsecher, firwat déi d'Trap sech bewegt.
2. Am Métro hun d'Leit as ugekuckt, ech war frou dass d'Joy mat mir war, well hatt net Koreanesch ausgesait, dann hun d'Koreaner bemierkt, dass mir net aus Korea sin.
Ganz vill Jonker wollten den Beau heemelen an hun him gudd geschwaat. Déi aal hun eis béis Bleck gin, mee et huet keen eppes gesoot.
Am Metro war den Beau ganz onsecher an huet sech dohinner geluecht, well et gewackelt huet. Hien huet vill gehächelt, mee eisen Wee war sou kuerz, et war no 5 min eriwwer.
Fir eraus hun mir den Lift geholl dass hien net durch d'Leit muss goen.
Wéi mir um Stack ukomm sin, stung ee jonken Jong virun dem Lift an wéi Dier opgaangen ass, ass hien sou erschreckt,dass hien seng Been an den Grapp geholl huet an d'Traapen eroff gelaaf ass. Déi Situation war sou witzeg, dass ech net konnt lues laachen.
Et hätt een missen filmen.
d'Joy haat een privaten Danzcour an engem Studio, an den Beau krut d'Erlabnis matzegoen. well ech den Besetzer och kennen.
Sein neien Studio war ganz grouss mat 2 Dänzsäll an helzenem Buedem.
Mir hun e bessi nogekuckt an duerno sin ech een Tour ronderem treppelen gaangen, an sin heno nees erem komm. Wei dem Joy seng Cours eriwwer war, konnt den Beau e bessi durch den Studio laafen. Den Tae youn, den Besetzer an d'Joy hun ganz vill mat him gespillt an den Beau war ganz ausser Otem.
Well hien nervös oder frou war, huet hien un den Patten geschweest an lauter Tratschen durch den Studio gemaach . Mir hun awer duerno alles proper gemaach :)
D'Joy, den Beau an ech am Studio
Nodem dass den Beau d'Tratschen gemaach huet, krut hien seng Patten proper gemaach...
éier mir heem gaangen sin, huet den Tae youn probéiert him danzen bei ze brengen :)
An der Metrostatioun...
Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen